London CallingBrit Awards 2018 - Nominees

Nodeems d’BBC d’läscht Woch hire Sound of Ranking verëffentlecht huet, geet et och dës Woch nees musikalesch weider hei an der britescher Haaptstad.

Leschten Update: 22.01.2018, 08:30:20

Elo goufen nämlech d’Nominatiounen vir de wichtegste Musekspräis aus Europa annoncéiert, d’Brit Awards 2018. An obwuel natierlech nees déi üblech Verdächteg nominéiert goufen, esou ginn et dëst Joer awer e puer Iwwerraschungen.

Lauschtert hei de Reportage:


Vir d’éischt emol wär do de Kënschtler mat de meeschten Nominatiounen. Dat ass net, wéi vläicht erwaart, den Ed Sheeran, mee déi britesch Musekerin Dua Lipa, déi ganzer 5 Nominatiounen krut an domadder gutt Chancen huet, och e Präis mat Heem ze huelen. Den Ed Sheeran muss engem awer do elo net Leed dinn, schliisslech läit hien mat 4 Nominatiounen just hannert em Dua Lipa.

Grousse Verléiere dëst Joer ass dann elo schonn de Sam Smith. Hien huet jo viru kuerzem en neien Album erausbruet, deen och kommerzielle guernet esou schlecht gelaf ass, mee bei de Brit Awards dëst Joer, gouf hie keng eenzeg Kéier nominéiert. Dat ass eng grouss Iwwerraschung, schliisslech hat hien nach virun 4 Joer souwuel der BBC hire Sound of Ranking wéi och de Critics Choice Award bei de Brit Awards gewonnen.

Ween dann alles mat engem Präis heemgoe wäert, gi mer den 21 Februar gewuer.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter