Kontrolle fir FuesentPermise fort, majoritär wéinst ze vill Alkohol

Fir d'Fueszäit setzt d'Police bewosst op méi Alkoholkontrollen. Dëst soll de Leit bewosst maachen, datt sech just de "Raoul" hannert d'Steier sëtze soll.

Leschten Update: 11.02.2018, 11:38:23

© Eldoradio

Verstäerkten Alkoholkontrolle während der Fueszäit. Eng gutt Saach ass dat natierlech, well op sou Fuesbaler och emol ze déif an d'Glas gekuckt a sech awer an den Auto gesat gëtt.

An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg huet d'Police da genau esou eng Alkoholkontroll an der Géigend vun engem Fuesbal gemaach.
© Eldoradio

Ganzer 80% vun de Permis'en, déi agezu ginn, géifen op een ze héijen Alkoholpeegel zeréckgoen, sou den André Schaack, Chefkommissär bei der "Direction des Opérations et de la Prévention":

CUT / André Schaack

CUT / André Schaack

© Eldoradio

Wéi reagéieren d'Leit dann op esou Kontrollen?

CUT / André Schaack

Den André Schaack preziséiert weider, datt ee sech muss bewosst sinn, datt een net just fir sech selwer, mee och fir seng Matmënschen op der Strooss eng Gefor duerstellt, wann een ze vill Alkohol gedronk huet.

© Eldoradio

CUT / André Schaack

Och wann esou Kontrollen op vläicht manner "bekannte" Plaze kënne sinn, wëll een heimat weisen, datt d'Police iwwerall present ass. Den Appell vun der Police ass et dann, den Auto stoen ze loossen an op den ëffentlechen Transport wéi Bus, Zuch oder Taxi ëmzeklammen. Eng weider Méiglechkeet ass et, ee "Raoul" ze organiséieren, deen ee sécher nees Heem bréngt...

Lauschtert hei de komplette Reportage!