"Check deine Dosis!"Wéi vill Koffein ass nach gesond?

Dräi Tase Kaffi, puer Stécker Schockela, eng Red-Bull a nach e schwaarzen Téi. Domadder hätt ee seng Limitt u Koffein fir den Dag scho bal erreecht!

Leschten Update: 23.02.2018, 11:50:23

© Screenshot www.checkdeinedosis.de

En Dag ganz ouni Kaffi? Fir déi Meeschte wier dat onméiglech! Mee et bleift dann och net just bei enger Taass, déi Meescht vun eis drénken de ganzen Dag iwwer hiere Kaffi.

Lauschtert hei de komplette Reportage!

Wéi vill Kaffi pro Dag ass da gesond? Wëssenschaftler vun den Unie Southampton an Edinburgh wollten dëst an Etüden erausfannen. Dobäi ass eraus komm, datt e moderate Koffeinkonsum vu dräi bis véier Tase Kaffi pro Dag ganz ok soll sinn.

Wat an dësen Etüden dann awer feelt, sinn all aner Produiten an deenen och Koffein dran ass, ewéi am Kakao, a Schockela oder och am Téi.

D'Experte vum Bundesministère fir Ernärung waren sech dëst och bewosst an hunn selwer en Tool entwéckelt, dee net just Kaffi, mee och all aner Produit abezitt, dee Koffein enthält. Dëse Rechner mam Numm „Check deine Dosis“ kann een online um Site vum Ministère fannen.
© Screenshot www.checkdeinedosis.de

De Rechner gëtt da jidderengem individuell un, wéi vill Koffein een zou sech kann huelen. Niewent de Basisinformatioune wéi Kierpergewiicht an Alter muss ee genee uginn, wat ee gedronk, respektiv giess huet an op dëst iwwert den Dag verdeelt war oder an enger Kéier consomméiert ginn ass.

Hei kanns Du däi Koffeinkonsum ausrechnen!

Doriwwer eraus gëtt den Online-Site och weider Informatiounen: wéi Koffein wierkt, a wéi enge Produiten es dran ass a wéi vill Koffein Frae während der Schwangerschaft an och während dem Nieren zou sech huele sollten.

© Screenshot www.checkdeinedosis.de

© Screenshot www.checkdeinedosis.de

Hei bäi gëtt da natierlech och drop gesat, datt d'Leit sech niewent hirem Kaffikonsum och iwwert hire Koffeinkonsum bewosst solle ginn. Niewent Häerzproblemer a Kappwéi kann et och zu Schweessausbréch a Schlofproblemer kommen. Et soll ee seng Dosis u Koffein pro Dag also am A behalen.

© Screenshot www.checkdeinedosis.de
Links