Carole DieschbourgGréng Valorlux-Tuten de Moment an 20 Gemengen

Huet all Gemeng de Service vun der bloer/grénger Valorlux Tut? Gëtt de System ausgebreet? A wéi ass dat mat de Barquetten? D'Ministesch gëtt Äntwerten.

Leschten Update: 14.02.2018, 05:35:21

© Eldoradio

An enger parlamentarescher Fro wollten d’DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty vun der grénger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg Detailer iwwert déi nei gréng Tute vu Valorlux wëssen.

Sou wollt een zum Beispill allgemeng wësse, wéi vill Gemengen dann de Moment de System vun de bloe respektiv grénge Valorlux-Tuten ubidden. Dem Carole Dieschbourg no proposéieren deemno all d’Gemengen déi blo Tuten, ausser Schëffleng, wou et een eegene System gëtt. De System vun der grénger Tut géif aktuell dann an 20 Gemenge ugebuede ginn. Geplangt wier dat den neie System mat de gréngen Tuten op aner Gemengen ausgebreet gëtt, d’präziséiert d’Ëmweltministesch. D’Kapazitéit vum aktuellen Triagesystem kéint et de Moment awer net erlaben déi gréng Tuten op aner Gemengen auszebreeden. Et wier awer geplangt déi aktuell Triage-Installatioun duerch eng nei a méi performant Installatioun ze ersetzen.

D’DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty wollten awer och wëssen wisou eigentlech Jughurtsbecheren, Plastiksgobeleten wéi och Barquetten a Blisters net gesammelt ginn mam neie System vun der grénger Tut, an ob dat vläit an noer Zukunft virgesi wier. Dem Carole Dieschbourg no wier dat mam aktuellen Triage-System net méiglech. All Bierger kéint awer vun de verschidde Sammelsystemer profitéieren. Sou géifen all d’Recyclingzentren op fix oder mobil an de Recyclingzenter „drive in“ um Houwald dësen Offall unhuelen.Do dernieft géifen et vu Valorlux op 15 Parkingen vu Super- an Hypermarchéen RE-box Sammelstatioune ginn, wou een dës Zort vun Offall hi brénge kann.

Dat ganzt auszebreede wier just méiglech op Basis vun engem positiven Avis vun der Ëmweltverwaltung an no der Realisatioun vun enger Pilotphas, esou d’Carole Dieschbourg.

Lauschtert hei d'Reportage am Audio:

Links