StagenAm Kader vun der Uni kann, muss dësen awer net bezuelt ginn

Am neie Gesetzesprojet iwwert d'Stagë gëtt am groussen a ganzen tëscht 2 Stagen ënnerscheet!

Leschten Update: 06.03.2018, 16:26:54

© Eldoradio

Wéi vill Studente kann eng Entreprise an e Stage huelen? Gëtt de Stage bezuelt oder net, respektiv kann een och e Stage maachen, deen net am Kader vun der Universitéit oder dem Lycée ass? Dat sinn alles Froen, déi deels net wierklech bis ewell konnte geäntwert ginn, dat well et net wierklech e gesetzleche Kader vir Stagen zu Lëtzebuerg gouf. Jiddweree weess awer, wéi wichteg e Stage ass fir an d’Beruffswelt eran ze kommen, sou dass an emol net engem Joer e Gesetzesprojet ausgeschafft gouf, dat tëscht dem Aarbechtsministère an der ACEL. 

De neie Gesetzesprojet gesäit am groussen a ganzen zwou verschidden Zorte vu Stage fir: Eemol de Stage ënnert enger Konventioun, also am Kader vun der Uni oder dem Lycée, an e praktesche Stage deen dofir geduecht ass, fir Erfarungen ze sammelen, dat eben ausserhalb vun der Schoul. Beim Stage deen am Kader vun der Schoul muss gemaach ginn, war d’Fro da virun allem, wéi laang kann dat ganzt daueren a gëtt et bezuelt? D'Äntwert ass da kuerz: maximal 9 Méint an d'Bezuelen ass fakultativ, kann, muss awer net.

Lauschtert de komplette Reportage am Audio!

Beim Stage an enger Entreprise ouni Obligatioun gesäit et allerdéngs e wéineg anescht aus. Dat ganzt soll am Prinzip während dem Studium geschéien, net méi laang wéi 6 Méint bei engem Patron an et gëtt een eréischt no 1 Mount bezuelt. Do gëtt et en Drëttel vum net qualifizéierte Mindestloun, no 2 Méint gëtt et dann d’Halschent dovunner. Och wéi vill Stagiairen een dierf als Entreprise huelen ass festgesat: 10% vum ganzen Effektiv, respektiv net méi wéi 50 Stagiairen am ganzen. 

Der ACEL ass et da virun allem wichteg, dass e Stage e Stage bleift an net an eng Tâche ofrutscht, déi soss kee beim Patron maache wëll. Virun allem mécht een awer den Opruff un d'Entreprisen sou vill wéi méiglech Stagen unzebidden.

Dass dat ganzt och agehale gëtt, muss all Entreprise déi Stagen ubitt e Register vun de Stagiairen hunn, dee vun der ITM, dem Personal an de Gewerkschafte ka gekuckt ginn an ëmmer muss accessibel sinn. En Dënschdeg gëtt den Text an der Chamber deposéiert.