Problemer mam SproochassistentAmazon hirt Alexa laacht Dech aus!

Wéinst engem technesche Problem ginn aktuell vill Notzer weltwäit vun hirem Alexa ausgelaacht... Wéi dat kléngt, kënnt Dir iech hei ulauschteren!

Leschten Update: 09.03.2018, 05:01:05

© Twitter Amazon Echo

D'Alexa vun Amazon huet sech mëttlerweil zu enger ganz beléifter Assistenz-Software entwéckelt a soll eisen Alldag vereinfachen - Froe beäntweren, Musek umaachen, Luuchte regléieren... D'Alexa ka villes!

D'Alexa mécht senge Notzer Angscht!

Ma an der Lëscht mellen awer vill Notzer, datt hiren Apparat ganz komesch Geräischer vu sech gëtt. An der Nuecht géif de Sproochassistent grujeleg laachen a souguer Uweisunge verweigeren. Dat soll dann esou kléngen:

Em Alexa seng grujeleg Laach!

No an no melle sech ëmmer méi Leit, déi d'Alexa net méi kontrolléiert kréien. Wann een de Sproochassistent eppes freet, géif ee keng Äntwert méi kréien – d'Alexa géif just ufänke mat laachen! Aner Leit schwätzen dovunner, datt se d'Luucht wollten ausmaachen – d'Alexa huet se awer ëmmer nees ugemaach. Eng Famill krut esou Angscht, datt se de Stecker missten zéien, well d'Laachen net méi opgehalen huet.



D'Laach selwer soll dann och net no der Stëmm vum Alexa kléngen. Wann een ëm Alexa seet, datt et laache soll, héiert sech dat sou un:


Sou kléngt em Alexa seng Laach normalerweis!




Amazon selwer huet schonn uginn, datt e neien Update de Problem wäert léisen. Domat d'Alexa bis laacht, gëtt d'Fro vun „Alexa, laach“ zu „Alexa, kanns de laachen?“ changéiert. Ma déi Ausso leet no, datt Amazon dovunner ausgeet, datt d'Notzer hirem Apparat gesot hunn, datt e laache soll. Dat soll no deene villen Aussoe jo awer net de Fall sinn.

Grujeleg déi Technik hautdesdaags...