Journée du SommeilSchlofstéierunge musse méi seriö geholl ginn

Vill Leit sinn sech net bewosst, datt se dovunner betraff sinn. Genee dowéinst organiséiert den CHEM vun Esch eng Sensibiliséierungscampagne.

Leschten Update: 13.03.2018, 07:32:05

Wéi dacks seet een, datt ee lescht Nuecht net gutt geschlof huet. Ma vill Leit sinn sech net bewosst, datt dat alles anescht wéi normal ass. No internationale Kritäre ginn et 88 Zorten vu Schlofstéierungen. Wat ass dann eng Schlofstéierung a wéini weess een, datt ee betraff ass?

D'Problematik vun der Schlofstéierung:


Den Dr. Michel Kruger, Neurolog a Schlofexpert vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch:

Den Dr. Michel Kruger:

Sou eng Schlofstéierung kann sech enorm op den Alldag auswierken. Ma net just dat – wann ee manner ewéi 5 Stonne schléift, ass de Risk vun engem Autosaccident 2,7 mol méi héich.

Den Dr. Michel Kruger:

Et ass wichteg, d'Symptomer seriö ze huelen. Den Dr. Michel Kruger betount dann och, sech richteg behandelen ze loossen:

Den Dr. Michel Kruger:

De 16. Mäerz organiséiert de CHEM fir eng 18. Kéier hir Journee du Sommeil. Mat dëser Sensibiliséierungscampagne wëll een d'Leit op d'Krankheetsbild vu Schlofstéierungen opmierksam maachen. D'Experte wäerten do zur Dispositioun stoe fir ze informéieren, ze beroden a fir déi richteg Betreiung an d'Weeër ze leeden.

Links