Concours "Jonk Fuerscher"De Max Arendt presentéiert hei säin Operatiounsroboter

Knapp 30 Aarbechten ginn dëst Joer beim Concours "Jonk Fuerscher" an d'Course- dorënner den Operatiouns-Roboter vum Max Arendt.

Leschten Update: 14.03.2018, 15:49:41

Carlo Hansen, President vum Concours "Jonk Fuerscher", Max Arendt, R.A.M., Head of Project

D’Fondatioun Jeunes Scientifiques Luxembourg organiséiert all Joer den nationalen Wëssenschaftsconcours fir Jonker tëscht 11-21 Joer, déi sech fir Geeschtes- an Naturwëssenschaften interesséieren. Och dëst Joer goufen knapp 30 Aarbechten ofginn- eng dovun kënnt vum Max Arendt.

De Max Arendt ass 20 Joer al, Premières-Schüler am Jongelycée an der Stad, an hien presentéiert beim Concours säi Projet “R.A.M.- A robot that could change the world”.

Lauschtert hei de Reportage:

De 25. Mäerz ginn d’Aarbechten vum Concours am Forum Geesseknäppchen dem Public presentéiert- mat anschliessender Präisiwwerreechung. Um 14h Mëttes ginn d'Dieren op.

Weider informatiounen iwwert de Concours fannt der hei: LINK: http://www.jonk-fuerscher.lu/