Cattenom Bilan 2017"Aktioun vu Greenpeace huet näischt bewisen"

Den Direkter vu Cattenom zitt e positive Bilan vum leschte Joer. D'Aktioun vun de Greenpeace-Aktiviste bezeechent hien als "medialen Echo".

Leschten Update: 14.03.2018, 08:07:10

© Eldoradio

Bal 37 Milliarde Kilowattstonne Stroum goufe produzéiert – dat sinn ongeféier 10% vun der nuklearer Produktioun vun der EDF. Weider goufen zu Cattenom selwer 32 nei Mataarbechter agestallt. Weider 93 Milliounen Euro sinn a Maintenance-Aarbechte gestach ginn.

Lauschtert hei de komplette Reportage!

Da goufen et och 25 Kontrolle vun der ASN, der Autorité de Sûreté Nucléaire. Dovunner waren der 7 net ugemellt. Den Thierry Rosso, Direkter vun der Atomzentral vu Cattenom, zitt e positive Bilan:

Den Thierry Rosso:

Den Thierry Rosso, Direkter vun der Atomzentral Cattenom.© Eldoradio

Den Thierry Rosso huet sech och zu de Virfäll vun der Greenpeace-Aktioun vum leschte Joer zu Wuert gemellt. Dat wier keen Zeeche vu feelerhafte Sécherheetsmesuren, d'Aktivisten hätten domadder just e "écho médiatique" provozéiert:

Den Thierry Rosso:

Den Thierry Rosso, Direkter vun der Atomzentral Cattenom.© Eldoradio

De Carénage vun de nächste Joren, heescht déi grouss Renovatiouns- a Moderniséierungsaarbechten, wäert bis 2025 daueren. Dozou gehéiert och de "Post-Fukushima"-Programm. De Yannick Simonet, responsabel fir dëse Beräich:

De Yannick Sumonet:

Den Yannick Simonet, responsabel fir de Carénage.© Eldoradio

© EDF

Et géif och weider an d'Sécherheet vun der Zentral investéiert ginn. Wéi dacks betount gouf, ginn och Virfäll vum Niveau "0" gemellt, déi näicht mat der Sécherheet ze dinn hätten. Dat waren der lescht Joer 48 vun 52. Obwuel Cattenom selwer e positive Bilan zitt, ass gewosst, datt den Ëmweltministère vun der Lëtzebuerger Regierung mat anere Länner dru schafft, d'Atomzentral zou ze maachen.