Fake News?Staren, déi fir dout erkläert goufen

An Zäite vu Fake News an Informatiounen en masse op de soziale Plattformen, muss d'Noriicht vum Dout vun engem Promi net ëmmer wouer sinn...

Leschten Update: 14.03.2018, 15:49:38

© AFP/TIBRINA HOBSON

2017 war nees e Joer, wou vill Stare vun eis gaange sinn. Dat ass traureg a net schéin - Grond genuch, wisou een unhuele kéint, datt domadder net de Geck gemaach gëtt. Ma verschidden Nouvellen, datt ee Promi gestuerwe soll sinn, entspriechen dann och net ëmmer der Wourecht...

Staren, déi net méi do sollte sinn?!

Dat war dann och beim Schauspiller Morgan Freeman de Fall. Op Twitter huet sech d'Noriicht verbreet mat Verweis op CNN – do stoung awer näischt dovunner. Och wann den erfollegräichen Acteur net méi ee vun deene Jéngsten ass, war d'Nouvelle vu sengem Dout am leschte Joer falsch.



E weideren Acteur soll da bei engem tragesche Snowboard-Accident ëm d'Liewe komm sinn. De Charlie Sheen huet zwar vill duerchfeiert Nuechten hannert sech a gëtt a senger Show "Two and a half Men" virun den Zuch geheit, wierklech dout ass en awer net.

Zënter 20 Joer ass de George Clooney de Fraeschwarm Nummer 1. Hien huet vu sengem Dout ufanks näischt matkritt – bis Frënn a Famill him ugeruff hunn, fir ze froen, op alles an der Rei wier.
© AFP/John MacDougall

Heiansdo geet et och duer, mol 2 Deeg keng Foto op de Sozialen Netzwierker ze posten, fir dout gehalen ze ginn. Dat war beim Miley Cyrus de Fall!
© DPA/AFP/Archiv/Boris Roessler

Méi wäit huet et dann en Hacker am Joer 2001 gedriwwen: Hien huet um Site vu CNN d'Doudesannonce vum Britney Spears publizéiert.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Mike Windle

Ëm de Jack Black hunn Fans iwwert Twitter getrauert. Mam Hashtag #RIPJackBlack huet sech d'Nouvelle séier verbreet. Dem Jack Black seng Band selwer, hat dat op hirem offizielle Site publizéiert. Och si goufe gehackt.



Déi meescht Staren huelen et méi oder manner mat Humor. Dëst ass awer e gutt Beispill fir ze weisen, wéi einfach et ass, datt de Gros vun de Leit sou einfach sou Noriichte fir wouer hält. Bei ville Stare wënscht een sech awer, datt et och bei hinnen eng Fake News gewiescht wier...