Äsche vu VerstuerwenenEt dierf een se net doheem halen

D’Äsche vun engem beléifte Mënsch doheem ze hunn ass nach ëmmer net erlaabt. D’Gesetz kéint sech awer geschwënn änneren.

Leschten Update: 17.03.2018, 12:58:42

© pexels.com

Den DP-Deputéierte Lex Delles wollt an enger parlamentarescher Fro vun der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch e puer Detailer wëssen wéi dat mat den Äsche vun engem Verstuerwenen hei am Land geregelt ass, respektiv ob d'Gesetz an Zukunft geännert kéint ginn. An de Gesondheetsministère huet elo geäntwert.

Zu Lëtzebuerg ass et verbueden d’Äsche vun engem verstuerwene Familljemember am eegenen Haus ze hunn. Dem Gesetz no soll all Familljemember d’Chance hunn d’Urn vum Verstuerwene besichen ze kënnen, an dat och am Fall vun engem Sträit. Kengem Familljemember sollt dat refuséiert ginn, gëtt an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Gesondheetsministère präziséiert.

Alternativ kéinten d’Äschen an enger Urn och an ee Kolumbarium bruecht gi wou och aner Urnen ënnerbruecht sinn, oder op engem Kierfecht vergruewe ginn. Sollt dat op enger Plaz geschéien, déi di verstuerwe Persoun besonnesch gären hat, da brauch een d'Erlaabnis vum Buergermeeschter. Wien d’Äschen an ee Floss oder eng Baach verstreeë wëll, brauch souguer eng Autorisatioun vum Inneministère. Dës Virschrëfte bestinn awer net aus gesondheetleche Grënn. D’Äsche sinn u sech kee Problem fir déi ëffentlech Gesondheet, well se duerch d’Hëtzt steriliséiert ginn, heescht et weider.

D’Gesetz kéint demnächst geännert ginn. Wéi et heescht, misst d’Gesetz méiglecherweis un d’Entwécklung vun der Gesellschaft an noer Zukunft ugepasst ginn. Geschwënn kéint een d’Urn vun engem Verstuerwenen also op ee Regal iwwert de Kamäin oder op eng aner Plaz am Haus stellen.

Lauschtert hei d'Reportage:

Links