ACEL Student fir 1 Dag

Och dëst Joer kann ee sech erëm fir de "Student fir 1 Dag" umellen.

Leschten Update: 20.03.2018, 18:37:39

© Eldoradio

D’ACEL organiséiert wéi all Joer erëm hire Projet "Student fir 1 Dag". Hei kann een als Schüler an enger Universitéitsstad senger Wiel een Dag verbréngen, a sech d'Stad an d’Uni vun de Lëtzebuerger Studente weise loossen.
De "Student fir 1 Dag" ass fir d’Schüler vun den Ofschlossklasse geduecht. Natierlech dierfen awer och Schüler vun aneren Klassen matgoen. Den Oflaf vun de Reesen ass all Kéiers ähnlech. Moies besicht een déi verschidden Unien, mëttes geet een zesummen eppes iessen, an nomëttes kann ee sech zesummen mam Cercle d’Stad ukucken. Déi 14 Stied déi ee besiche kann, leien all ronderëm d'Grenzregioun. 

De Bilan vun de leschte Jore war fir d’ACEL och ganz positiv. 2016 war fir si e Rekord-Joer, mat ronn 330 Schüler, déi sech fir de "Student fir 1 Dag" ugemellt hunn. Dëst Joer hofft d’ACEL dann och erëm grousse Succès ze hunn a wëll d’Schüler motivéiere bei der eemoleger Erfarung deel ze huelen.

D’Initiativ vun der ACEL ass fir all Schüler interessant déi vläicht nach net wëssen a wéi enger Stad se spéider wëlle studéieren goen. An déijéineg, déi schonn eng Iddi hunn, kënnen e flotten Dag an hirer Favorittestad verbréngen, a sech an hirem Choix bestätege loossen. Méi Informatioune fannt der um Site vun der ACEL.