Asteroid"Bennu" kéint op d'Äerd treffen

Am Joer 2135, méi genau de 9. September, kéint ee risegen Asteroid an eise Planéit knuppen.

Leschten Update: 19.03.2018, 16:59:19

© NASA/AFP/Archiv/Ho

Dat huet elo de Lawrence Livermore National Laboratory, en amerikanescht Fuerschungsinstitut, erausfonnt. Och wann eng Wahrscheinlechkeet vun 1 zu 2700 net all ze dramatesch klengt: D'Chance ass vill méi héich, wéi bei aneren Asteroiden, déi an de leschte Jore méi no un d’Äerd eru komm sinn.

Den Himmelskierper ass 79 Milliarde Kilo schwéier an en hallwe Kilometer grouss. Wéinst der enormer Vitesse vun 100.000 Stonnekilometer géif et am Fall vun enger Kollisioun zu enger Explosioun kommen, déi 80.000 mol méi staark wier, wéi déi vun Hiroshima. A wat géif eng Kollisioun fir d'Mënschheet bedeiten? Déi géif weider existéieren, d’Konsequenze wiere vill manner dramatesch wéi dat op verschiddenen Internetsitten an Zeitunge gesot gëtt. 50 Kilometer vun der Platz ewech, wou den Asteroid dann eventuell erofkënnt, spiert een de Buedem just nach esou wackelen, wéi wann e Camion laanscht ee fiert. Sollt den Asteroid am Waasser ukommen, géif et een ähnlech staarken Tsunami gi wéi 2004.


Fir dat am Eeschtfall ze verhënneren, hunn amerikanesch Wëssenschaftler awer schonn eng Iddi: E Raumschëff mat Atombommen u Bord soll d'Lafbunn vum Bennu, esou de Numm vum Asteroid, mat Zäite veränneren, esou dass dee laanscht eise Planéit flitt.

Lauschtert hei de Reportage vum Daniel André

Vun 20'000 sougenannten Near-Earth Objects sinn der 1'400 eng potenziell Gefor fir d’Äerd. Vun deenen ass de Bennu awer net dee geféierlechsten. Den Asteroid mam charmanten Numm “(410777) 2009 FD” kéint eis 2185 nämlech mat enger Chance vun 1 zu 1'400 treffen.