Onnéideg KiloenIessgewunnechten, déi déck maachen

Iess-Verhalen vs. Iwwergewiicht!

Leschten Update: 11.04.2018, 15:18:57

Dass Iwwergewiicht an Iess-Verhalen am direkten Zesummenhang stinn ass keng Iwwerraschung. Elo huet eng Etüd aus Japan den Afloss vu verschidden Iessgewunnechten awer méi genau ënnert d’Lupp geholl an erausfonnt dass ee virun allem bei der Schnellegkeet an der Auerzäit oppasse soll.

60.000 Leit hu bei dëser Etüd matgemaach a beluecht dass séiert Iessen eng Ursaach fir Iwwergewiicht ass. Léit déi lues iesse befanne sech wat den Taillen-Ëmfang a BMI ugeet éischter am Normal-Beräich wéi Léit déi sech beim Iessen hetzen. Wie séier ësst, lauschtert net op säin Honger-Gefill, an ësst soumat méi wéi een dee sech Zäit léisst. Dovun ofgesi steigert lues iessen de Genoss a bréngt een dozou sech méi bewosst ze ernären.

Lauschtert hei de komplette Reportage!


D'Luucht am Frigo brennt net fir eis ze encouragéiere spéit owes oder an der Nuecht ze iessen. Ganz am Géigendeel: mindestens zwou Stonne virun der Bett-Rou soll ee souguer komplett dorop verzichten. Snacks déi een Owes nach gemittlech virun der Televisioun zou sech hëlt sinn nämlech net nëmmen onnéideg Kalorien, et ass an der Reegel einfach ongesond kuerz virum schlofe goen nach z'iessen. Dës Iessgewunnecht steet der Etüd no am direkten Zesummenhang mat Iwwergewiicht.

Wie säi Kierpergewiicht reduzéieren, oder einfach e gesond a bewosst Iess-Verhale féiere wëll, sollt sech also Zäit huelen a seng Moolzecht an aller Rou an zu normalen Auer-Zäite genéissen.