
Neurowëssenschaftler hu verschidden Tester gemaach. Anscheinend kann ee mat Hëllef vun Téin iwwer Nuecht säi Gedächtnis a verschidden Erënnerunge verbesseren. D’Gehir kann ee wéi aner Muskelen an eisem Kierper trainéieren a stäerken. An der Nuecht verwandelt d’Gehir nämlech d’Kuerzäitgedächtnis a Laangzäiterënnerungen.
D’Testpersounen hu missen en Memory-Spill maachen an zu all Kaart gouf hinnen e Geräisch virgespillt. An hirer déifster Phase vum Schlof sinn hinnen dunn nach eng Kéier déi selwecht Geräischer duerch Kopfhörer virgespillt ginn. Allerdéngs krute si just d’Halschent vun de Geräischer ze lauschteren.
D’Resultat war dat heiten: Déi Kaarten, vun deenen d'Leit d’Téin iwwer Nuecht virgespillt kruten, konnte si sech besser verhalen, wéi déi, wou si keng Geräischer dozou gespillt kruten.
Wärend dem Schlof kann een nämlech verschidden Erënnerunge reaktivéieren. Och wa mir schlofen an näischt dovu matkréien, ass eist Gehir ëmmer nach aktiv an der Nuecht. Natierlech kommen eis d’Saachen net iwwer Nuecht an de Kapp geflunn, mä duerch d’Reakitivatioun am Schlof vergësst een dat Geléierten net esou séier.