Concertscheck Macklemore @ RockhalNo Visite an der Urgence, Party op der Bühn!

"E Concert wéi keen aneren", "...de beschte Concert op deem ech jee war". Just e puer Stëmmen nom Concert vum Macklemore um Dënschden Owend.

Leschten Update: 12.04.2018, 19:40:10

Pénktlech um 21h00 huet an der Rockhal den Haaptact ugefaangen. Dee Mann op deen sech dausende Fans gefreet hunn, an op dee si schonn zënter dacks 10Auer Moies gewaart hunn: de Macklemore.
Direkt mat engem Scoop!

Méindes war de Macklemore nämlech hei zu Lëtzebuerg mat sengem lénkse Knéi am Spidol bei engem Doc. Deen huet him geroden de Gig ze cancelen. De Macklemore wollt awer op kee Fall säi Concert grad hei zu Lëtzebuerg ausfalen loossen. E wéie Knéi géif hien net dovun ofhalen Party ze maachen.
Sympathesch.
Sympathesch och dass hien der Infirmière am Lëtzebuerger Spidol direkt mol 2 Entréesticketen fir de Concert geschenkt huet. Dat huet eng Frëndin vun der Infirmière kuerz nom Concert, an der Eldo-Aftershow um Radio verroden.
Genau déi Sympathie an Éierlechkeet koum un beim Public.
Dat während dem ganze Concert.

Lauschtert hei wéi de Concert ukoum >>>


“Marmalade”- huet hien sengem klenge Meedchen gespillt. Hat konnt dëst Joer net mat op Lëtzebuerg kommen, dowéinst huet hie misste verspriechen, dass hien dat Lidd fir hatt spillt, well et säi Liiblingslidd ass.

D'Stëmmung am Sall huet gekacht. Spéitstens wéi seng grouss Hits Thriftshop oder Cadillac koumen. Politik an Amerika an dem Macklemore seng Kritik um "scary President" och en Thema.

Can't Hold us, Good old days, Downtown. Alles gouf gespillt Lëtzebuerg huet matgemaach a stoung deelweis souguer selwer op der Bühn. Bei Dance Off konnte nämlech Fans op d'Bühn. Witzeg och. De Macklemore huet sech als äusserst moudebewosst gewisen a ganz dacks zu de Lidder säin Outfit gewiesselt.

Lauschtert hei di bescht AfterShow Momenter >>>


Bei den Zugaben konnt een dunn di ganz Crew gesinn déi op d'Bühn koum. Nom Concert hu sech d'Eldo Nolauschterer an der Aftershow bei ons als ganz zefridde gewisen. Et gouf kaum Kritik um Concert, ausser vläicht dass um Rock am Ring d'Stëmmung nach eng Grimmel besser war. Mä Festival ass eben Festival.

“I can not wait to come back & party with you again”

dat woren dem Macklemore seng lescht Wieder an der Rockhal!
Mir freeën ons elo schonn drop.

4.5 vu 5 Stären