Ligener erkennenBauchgefill vs. Kierpersprooch

Mat dësen Tricks kann iech kee méi uschmieren!

Leschten Update: 13.04.2018, 17:55:56

Wéi beim Pinocchio verréit eis Nues wann ee litt. Se gëtt zwar net méi laang, mee beim léie gëtt dëst Kierperdeel méi staark duerchblutt, schwëllt doduercher un a béisst. Wien sech also beim schwätze vill un der Nues triwwelt, hëlt et mat der Wourecht net esou eescht.

Och d’Zong verréit eis beim léien. An dat grad dann, wann mer mengen mir wiere mat engem bloen Aen dovu komm. Wien eppes ze verheemlechen huet, ass méi opmierksam a kritt doduerch en dréchene Mond. Do kënnen déi meescht Leit dann net anescht a fueren sech mat der Zong iwwert d’Lëpsen.

Wie beim laache keng Falen am Gesiicht huet ass net wierklech frou a wiem seng Stir bei engem Gespréich ganz glat bleift huet entweder ze vill Botox dran oder ass ganz einfach net interesséiert...

Wien bei enger Fro seng Pupillen no uewe beweegt, dee litt. Déi sou genannte Sky Eyes sinn e kloert Zeechen dofir, dass sech eng Persoun eppes aus de Fanger suckelt an dofir onbewosst mat den Aen no Iddie sicht.

Lauschtert hei de komplette Reportage!


Mee net nëmmen eise Gesiichtsausdrock ass e Verréider, och d’Stëmm an d‘Kierperhalung kënne Ligener entlarven. Jee nodeem wéi séier de Géigeniwwer schwätzt, wéi e sech positionéiert, jo souguer a wéi eng Richtung d’Zéiwe stinn kënnen en Indiz dofir sinn, dass der grad belu gitt. Wann der keng Märercher wëllt gezielt kréien heescht et: Aen an Ouere spëtzen! A wann dir de Geschichtenerzieler sidd, da maacht dat vun elo u léiwer net méi face to face!