
An der Chamber goufen nei Petitiounen deposéiert. Déi mussen elo nach vun der zoustänneger Petitiounskommissioun diskutéiert an approuvéiert ginn.
Dorënner ass d'Petitioun 994 déi sech dofir asetzt, datt Motocyclisten an Zukunft op de Bus- an Taxi-Spuren fueren dierfen. A ville grousse Stied wéi zum Beispill Lissabon oder Paräis ass dëst schonn eng Realitéit.
Eldoradio huet sech dobaussen informéiert, wéi d'Leit hei zu Lëtzebuerg zu deem Thema, an der Petitioun selwer, stinn.
Lauschtert hei d'Meenunge vun de Leit!