Sätz fir den ExMoien Tim! Eh, Tom!

Den éischte Gedanke wann een den Ex gesäit? Fortlafen? Nee! Mat dësen Tipps wësst dir déi nächste Kéier ganz genee, wat soen!

Leschten Update: 13.04.2018, 06:15:06

Et gëtt wuel näischt méi Penibeles ewéi dem Ex Partner zoufälleg an d’Gräpp ze lafe wann ee mol ganz gemittlech duerch d’Groussgaass flanéiert! Deen éischte Gedanken ass do bei deene Meeschten einfach fort lafen! Dat gesäit herno awer net sou ganz elegant aus, zemools wann den Ex dat dann och nach mierkt.

Fir des onangenehm Situatioun mat Bravour ze meeschteren hunn ech puer Sätz fir iech zesummegestallt, woubäi dir zimlech cool eriwwer kommt:


Lauschtert hei de komplette Reportage!


Ah Moien Tim! Ehhhh Tom!

Dëst ass wahrscheinlech déi Method, déi am meeschte wéi deet, mee ass awer effektiv! Domadder wéist een dem Ex-Partner, wéi egal hien engem ginn ass. E klengen Tipp vu mir: Iwwerdreiwt et net, soss kennt et net authentesch eriwwer, zemools wann d’Bezéiung eréischt zanter puer Deeg eriwwer ass…


Bei mir leeft et richteg gutt! Néi Wunneng, néi Aarbecht, néi Frënn!

Wat sou vill heescht ewéi: Ouni dech ass alles besser!


Mir geet et wonnerbar! Ech war grad 2 Wochen zu Bali an der Sonn!

Wéist ärem Ex, dass dir iech et gutt goe loosst an dass dir glécklech sidd ouni hien oder hat! Wat dir méi liewensfrou eriwwer kommt, wat den Ex méi laang drun knat.


Ech sinn sou frou dech ze gesinn, wierklech!!!

Dëst ass den einfachsten, awer och effektiivste Saz! Wéist all Zänn déi dir am Mond hutt a grinst äre Géigeniwwer an de Buedem - och wann dir iech am léifste géift an d’Poubelle em den Eck verstoppe goen! Wann dir also ären Ex-Partner deemnächst begéint, dann denkt un meng Tipps an zerstéiert en mat äre Wierder, gleeft mir hien oder hat wäerten sou nach eng Zäitchen un iech denken.