D'Valis gepak a lass!Reestrends 2018

Dir wësst net wou dir an ärer nächster Vakanz hi sollt? Leet äre Kapp a Rou, mir hu fir iech déi schéinsten Destinatiounen erausgewielt!

Leschten Update: 17.04.2018, 06:03:02

© Pexels.com

1. Ishigaki a Japan

Ishigaki ass bekannt fir seng paradäiseg Stränn a säi kristallkloert Mier. Et ass déi südlechst Stad a Japan a läit op der Insel Ishigaki-jimaist. D’ass d’Heemecht vun enger Onzuel vu Mantas an ass ganz beléift bei Schnorcheler an Taucher. De Mantapoint läit nëmmen 3 Minutte vum Strand ewech. Ausserdeem kann ee mam Kanu a Kajak och bis an den Dschungel paddelen a geheimnisvoll Waasserfäll entdecken. Allerdéngs dauert d’Rees vu Lëtzebuerg aus leider bal e ganzen Dag.

2. Kapa’a zu Hawaii

Kapa’a läit op der Insel Kauai, um Fouss vum Bierg Nounou. Des Stiedchen ass en historeschen Zentrum mat engem diverse Choix un Hotellen, Akafszentren a Restauranten. Hiert “Kauai Made”-Logo steet fir Produiten, déi vu lokalen Handwierker aus traditionelle Materialien hiergestallt ginn. Natierlech kann een a Kapa’a vu Waasserkris, Schnorchele bis hin zu Kayak, all méiglech Waassersportaarte maachen.

3. Nairobi a Kenia

D’Haaptstad vu Kenia déi knapp südlech vum Äquator läit ass eng Mëschung tëscht Safari a Groussstad. Engersäits fënnt een hei eng onbeschreiflech Wildnis, mä d’Partygänger fannen hei och e liewegt Nuetsliewe mat aussergewéinleche Clubs. Dagsiwwer kann een sech duerch déi lokal Geschäfter, déi exotesch Mäert an déi kulinaresch Restaurantszeen, an eng aner Welt verzaubere loossen. Wien op Safari wëll goen, kann en Tour duerch de “Giraffe Center” maachen oder déi gigantesch schwaarz Nashörner am Nairobi Nationalpark bewonneren.

4. Halifax a Kanada

Halifax ass eng modern Stad un der Ostküst a Kanada, déi ee gutt zu Fouss ka besichtegen. Am bekannte kanadeschen Immigratiounsmusée “Pier 21” kann een d’Spure vun den Awanderer verfollegen. Den Zentrum gëtt och vun der eenzegaarteger stäreförmeger Zitadell gepräägt. Duerch de “Point Pleasant Park” an op der McNab’s Insel fënnt ee super Wanderweeër mat engem Ausbléck op d’Mier. Am Rausgovéirel “Historic Properties” kann een dann iwwert engem gudde Glas Wäin d’Erliefnisser vum Dag Revue passéiere loossen.

5. Gdánsk a Polen

Gdánsk ass eng Hafestad un der Ostsee a gëllt als eng vun deene schéinste Stied aus Polen. D’Alstad, déi am 2. Weltkrich zerstéiert gouf a ass opwänneg restauréiert ginn, fir se erëm an den Urzoustand zréck ze setzen. Stroossen wéi d’Dlugi Targ an d’Dluga sollt een sech op kee Fall entgoe loosse well d’Gebaier all méiglech Faarwen hunn a richtege Konschtwierker gläichen. Am Geschichtsmusée, deen am fréiere Gemengegebai installéiert ass, kritt een déi dramatesch Geschicht vu Gdánsk geschëldert.


Lauschtert hei de komplette Reportage!