
© Pexels
Eng nei Etüd hu sech domadder befaasst! Wëssenschaftler aus den USA hu sech op dës Fro konzentréiert an eraus fonnt, wéi laang et dauert, bis ee richteg gutt mat enger anerer Persoun befrënnt ass! An engem Fuerschungsrapport, deen am Mäerz dëst Joer am Journal of Social an d' Personal Relationships publizéiert gouf, gëtt vum Kommunikatiounsexpert Jeffrey Hall genee dës Zäitperiode festgehalen.
Fir dat dann och real duerzestellen, goufe mat an enger Online-Etüd 355 Persoune befrot, déi grad eréischt geplënnert an op der Sich no neie Kollege waren. D'Befrote missten uginn, wéi sech d'Relatioun zu enger viru kuerzem eréischt kennegeléierter Persoun entwéckelt huet. Si missten uginn, wéi enk d'Frëndschaft den Ament ass, wéi vill Zäit ee bis elo zesumme verbruecht huet an a wéi enger Kategorie sech dës Persoun befënnt: Just e Bekannten, ee Frënd oder en enke Frënd.
An engem zweeten Deel sinn nach 112 Studente befrot ginn, wien si an den éischte Woche während der Uni kenne geléiert hunn. No 7 Woche sinn se nach eng Kéier iwwert dës Persoune befrot ginn.
No den Analysen, ass een op folgend d'Resultat komm: Extrem gutt Kollegen ass een no ronn 200 Stonnen! Um Niveau vun enger gudder Frëndschaft ass een no 80 bis 100 Stonnen an eng platonesch Frëndschaft entwéckelt sech no 40 bis 60 Stonnen.
D'Fuerscher betounen, datt een déi Zäit investéiere muss, fir datt sech eng richteg gutt Frëndschaft entwéckele kann. Dat bräicht heinsto vill Zäit.
Ma sou eng Frëndschaft ass jo awer eppes, wat sech ganz natierlech entwéckelt. Dacks weess ee selwer, wéi wäit een enger Persoun vertraue kann. Entweder et passt, oder et passt net!