
Horrorfilmer si wéi de Numm et scho seet grujeleg. An deene meeschte Fäll kann een sech awer domat berouegen dass se jo just erfonnt sinn. Awer net ëmmer! Verschidden Horror-Filmer behaapten sech drop op 'reale' Geschichte baséiert respektiv inspiréiert ze sinn.
Hei sinn Top 5 real Horror Filmer no deenen een definitiv net méi sou einfach aschlofe wäert:
'Veronica'! Kritiker hunn en zum grujelegsten Horrorfilm aller Zäiten erkläert. Dëst virun allem well en op engem Doudesfall baséiert dee bis haut ongekläert ass. Op mysteriéis Aart a Weis ass en Teenager, esou wéi am Film, no enger Geeschter-Beschwierung gestuerwen. Duerno huet et am Haus vun der Famill ugefaange mat spuken a souguer d’Police huet vu paranormalen Aktivitéite beriicht.
Vu frieme Geeschter besiess war och den Haaptpersonnage aus dem Film 'The Excorcist'. D’Geschicht baséiert op dem 13 järege Roland Doe deen 1949, der Kierch a sengen Elteren no, vun Dämone besiess war an déi op grujeleg Manéier ausgedriwwe krut.
'Texas Chainsaw Massacre' ass e bluddege Film dee sech um Seriemäerder Ed Gein inspiréiert huet. Dësen hat sech 9 mënschlech Haut-Masken ugesammelt, perfekte Stoff fir d’Leit zum fäerten ze bréngen.
Den Ed an d’Lorraine Warren si paranormal Ermëttler déi sech drop behaapten dass d’Story vum Film 'Conjuring' wierklech geschitt ass. Heibäi handelt et sech em en Haus wat verflucht war an déi néi Bewunner an hire Bann gezunn huet.
Poppen déi zum Liewen erwächen, also do géif ee menge ka näischt Woueres dru sinn. Falsch geduecht! Den Dréibuchauteur vu 'Chucky' huet sech hei effektiv un engem Fall inspiréiert bei deem eng Popp verflucht war an ugefaangen huet ze schwätzen, jäizen a souguer Saachen ze zerstéieren.
Op déi Geschichte wierklech alleguer stëmme sief mol dohi gestallt mee den Horror mat der 'Realitéit' a Relatioun ze setzen ass op alle Fall effektiv a bréngt d’Leit nach e bëssi méi zum zidderen.