Retro-Fans opgepasstComeback vum Vinyl?

Ee Start-Up aus Éisträich wëll Vinylsplacken nees ganz grouss erausbréngen! Op dat ee grousse Succès soll ginn, gi mer dann eréischt nächst Joer gewuer...

13.04.2018, 12:00:18

D'Elteren hunn déi schwaarz Placke fréier erop an erof lafe gelooss. Deemools, wou et nach keng CD'en, Mp3-Playeren oder iPoden goufen, waren et Vinylsplacken, déi d'Häerz vun all Museksfan méi héich schloe gelooss hunn! Och haut hunn der vill ee Plackespiller doheem stoen – dat ass wuel och engem Start-Up aus Éisträich opgefall.

 

De Numm vun der Entreprise, "Rebeat Innovatioun", schwätzt schonn fir sech selwer! D'Vinylsplacke, wéi mir se kennen, sollen elo duerch eng nei Prozedur mat Spotify a Co. mathale kënnen. Ee neit High-Definition Format versprécht eng méi laang Lafzäit, ee bessere Volume an eng extrem gutt Tounqualitéit! Eng nei Produktiounstechnik soll dat erméiglechen.

2019 kéint et ee Comeback vum Vinyl ginn!


Déi eigentlech Technik besteet doranner, d'Touninformatiounen an d'Placken ze krazen. Duerch eng nei Laser-Technik kënne méi Informatiounen op de Placke gespäichert ginn an d'Produktioun soll duerch dës Moderniséierung méi séier viru goen.

 

D'Musek gëtt esou extrem präzis an de Verloscht vun Audioopname soll reduzéiert ginn. Op fréiere Vinylsplacke war d'Spillzäit vun der Musek extrem ageschränkt - heimat kéint een déi bis zu 40 Prozent erweidert ginn.

Hei de Sound vu fréier...

 

Ganz wichteg: Déi nei Placke sollen ouni Problem mat ale Plackespiller kompatibel sinn! Wat awer e Nodeel kéint sinn: Retro-Fans si vu Vinylsopnamen esou begeeschtert, well grad den Toun en aneren ass wéi hautdesdaags: D'Musek vermëttelt ee ganz anere Flair.

 

2019 sollen dës Vinylsplacken am HD-Format dann op de Marché kommen. Duerch ee Crowdfunding-Projet konnte bal 5 Milliounen Dollar gesammelt ginn, fir dëse Projet ze finanzéieren. Nächst Joer kéint dir iech da selwer iwwerzeegen, op de Comeback vum Vinyl eppes ass, oder op dir awer léiwer bei ären ale Placke bleift...