
En Donneschden war hie nach beim „Echo 2018“ zu Berlin mat dobäi, e Freiden Owend stoung de Felix Jaehn am Atelier op der Bühn. Et war seng 3. Show hei am Land, seng 2. am Atelier – déi lescht war am Joer 2015. Zejoert huet Eldo den Weltstar nach fir e ganz klenge Kader op Lëtzebuerg bruecht.
Den Jaehn huet während der Show vu senger däitscher Albumtour gezielt déi hie viru kuerzem ofgeschloss huet: do war d’Produktioun vill méi grouss mat Ecranen a Konfetti mä hie géif sech awer och op kleng Concerten freeë wou d’Musek am Mëttelpunkt steet. Och dat ass aussergewéinlech. Ëmmer nees huet hien tëscht de Lidder geschwat. Ongewéinlech fir en DJ, koum awer gutt un.
De Concert hei zu Lëtzebuerg war dann och den Optakt vu senger „Collaection“ Clubtour.
Falls ee sech op eng richteg Clubshow gefreet huet, ass een net enttäuscht ginn. De Felix Jaehn huet immens gutt gelaunt gewierkt: wann en net hannert sengem Mëschpult stoung, huet hie gedanzt an ass hin an hir gesprongen. Also war et net erstaunlech dass d’Stëmmung vun Ufank un super war.

Mat ënnert anerem sengem erfollegräiche Song „Hot2Touch“ an dem Megahit „Ain’t Nobody (Loves Me Better)“ huet hie säi Publikum begeeschtert. Och Remixe vu bekannte Lidder wéi „Finesse“, „Havana“, „Like a G6“, „Rhythm of the Night“ hunn net dierfe feelen. Besonnesch de Remix vun „In the End“ vu Linkin Park, wat jo eng komplett aner Museksrichtung ass, huet positiv iwwerrascht. Kee Moment huet een sech gelangweilt: et war ee Concert voller Hits an den Héichpunkt war zum Schluss natierlech de Remix vum Lidd „Cheerleader“ vum Omi, den éischte Welthit vum Felix Jaehn.
Et gouf ee permanent matgerappt an de Felix Jaehn schéngt et och ze genéisse. E puermol huet hien sech fir seng Instagram Story mat senge Fans filme gelooss. En Highlight vum Owend fir vill Leit war dass de Felix e klenge Jong op d’Bühn geruff huet: „Solls du net schonn am Bett sinn?“ huet den DJ de Jong gefrot dee souguer hannert sengem Mëschpult duerft stoen a mat him danze konnt.
Obwuel vun e puer kritiséiert gouf dass d’Show ze kuerz war an dass deelweis d‘Zuschauer net genuch matgemaach hunn, waren d’Meenunge gréisstendeels immens positiv. D’Fans vu Clubshows sinn also ganz sécher op hir Käschte komm.
Ganz zum Schluss huet de Felix och nees verroden dass säin Album deelweis hei zu Lëtzebuerg entstanen ass, vue dass hien dacks bei engem gudde Kolleg hei am Land zu Gaascht ass.
Wee weess, vläicht gesäit een de Jaehn am Summer jo mol op enger Terrass. Net ausgeschloss!
3/5 Stäre ginn et vun ons!