
© Eldoradio
Zënter dem 27. Mäerz kann een d'Petitioun vum Fabienne Matagne um Site vun der Chamber ënnerschreiwen. D'Petitioun wëll eng Lëscht vum Joer 2008 ofschafen, déi verschidden Hondsrasse schonn am viraus als geféierlech astuuft. Hei schwätzt ee vu sougenannten "Lëschtenhënn". Deene meeschte sinn dës Hondsrassen och als "Kampfhënn" vläicht méi geleefeg. Fir d'Leit zum Ëmdenken ze beweegen an och de Politiker d'Aen opzemaachen, setzt sech d'Fabienne Matagne fir dësen net ganz einfache Sujet an.
Bannent 24 Stonnen hat d'Petitioun schonn iwwert 1.000 Ënnerschrëften. Eppes, woumat d'Fabienne Matagne selwer net gerechent hat. Ëm sou méi huet dat si an hirem Wëlle bestäerkt, eppes ze ënnerhuelen. Si ass selwer Besëtzerin vun engem Hond, deen op dëser Lëscht vun de sougenannte Kampfhënn steet. Viru 5 Joer hat d'Fabienne schonn eng Kéier esou eng Petitioun gestart, elo wëll een et eng zweete Kéier probéieren.
D'Fabienne betount méi wéi eng Kéier, datt net just eleng den Hond am Feeler ass. Datt en Hond ass, wéi en ass – dofir ginn et Grënn. Dem Hondsbesëtzer muss dat bewosst sinn an hie selwer dréit d'Responsabilitéit fir säin Hond.
Fir d'Fabienne ass et wichteg, datt et an Zukunft eng Reegelung gëtt, déi all Detenteur engem Hondscours ënnerzitt. Dës Course sinn awer dacks méi deier, Präisser sollten dann och ugepasst ginn
Falls d'Petitioun genuch Ënnerschrëfte kritt, wëll d'Fabienne weider iwwert d'Thema sensibiliséieren an d'Leit opklären. Et ass ee Sujet, deen him immens um Häerz läit. Vill Leit mellen sech och elo schonn, wann se Froen hunn a Rotschléi brauchen. Bis den 8. Mee kann een d'Petitioun da nach um Site vun der Chamber ënnerschreiwen