
Riets ass selbstverständlech vun der Queen, déi den 21 Abrëll hiren 92 Gebuertsdag feiert. Niewebäi ass si dann och scho bal 65 Joer um Troun. Dat ass Grond genuch, vir dass d’Briten hier elo dëse Weekend eng riseg Gebuertsdagsparty schmäisse wäerten – an dat néierens aneschters ewéi an der legendärer Royal Albert Hall.
Lauschtert hei de Reportage:
Zu der Party sinn da Museker aus aller Welt invitéiert. Well d’Queen jo och nach Staatsoberhaupt vun de Commonwealth Länner ass, schéckt quasi all gréisser Natioun ee Museker hei op London. Do wär dann zum Beispill den Tom Jones fir Wales, de Sting fir England, d’Kylie Minogue fir Australien, de Shawn Mendes fir Kanada, de Shaggy vir Jamaica oder awer och d’Ladysmith Black Mambazo fir Südafrika. Déi ganz Party gëtt da live op der Telé an dem Radio iwwerdroen.
Viru Kuerzem huet d’Queen dann iwwregens och verroden wat hiert d’Liiblingslidd ass zu deem si dann och gären emol danzt. Dat ass nämlech, ganz ouni Witz, Dancing Queen vun Abba. Ob et dës Nummer dann e Samschdeg och zum Beschte gëtt, muss mer nach ofwaarden. Mee ëmmerhin soll keen behaapten, d’Royals hätte keen Humor.
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter