Eldo StaffelchallengeTeam Andy ass komplett!

Och dëst Joer trieden 2 Eldo Teams beim ING NIGHT MARATHON géinteneen un! Team Captain's sinn d'Morena an den Andy! Dës Woch stelle mir d'Kandidate vir!

Leschten Update: 20.04.2018, 05:32:03

1t Kandidatin beim Andy ass d'Jill.

Hat ass dem Andy seng heemlech Favoritin op d'Beschtzäit.
D'Jill ass eng routinéiert Sportlerin.
Hat wäert dowéinst direkt nom Andy, als 2t an d'Course goen.



Alter:
33

Beruff:
fräiberufflech

Trainingsstatus:
9/10

Firwat mëss du bei der Staffelchallenge mat?
Ech wollt am Fong de Semi laafen. Leider war deen ausverkaf. Sou war deng Staffel eng super Alternativ.

Wéi dacks mëss du Sport?
Ganz kloer all Dag!

Däi gréisste sportlechen Exploit bis elo?
Den Ironman! 70.3, 2015

Längst zréckgeluechte Distanz?
1,9km schwammen, 90km Velo, 21km laafen

Wat fäerts du bei der Staffelchallenge am meeschten?
e Krämpchen ze kréie

Wat lauschters du beim Sport?
ganz vill Red Hot Chili Peppers

Firwat zitt Morena a seng Equipe de Kierzeren?
Well mir einfach besser sinn :)

2te Kandidat beim Andy ass den Aldin.
Hie war grad um Camion ënnerwee, wéi hien vun der Challenge héieren huet an huet sech direkt gemellt.



Alter:
25, gläich 26

Beruff:
Camionschauffeur

Trainingsstatus:
8/10

Firwat mëss du bei der Staffelchallenge mat?
Ech si grad um Camion gefuer wéi ech vun denger Challenge héieren hunn. Do hunn ech mir direkt geduecht, géint Morena musse ma gewannen. A souwisou, eng Challenge, firwat déi net unhuelen.

Wéi dacks mëss du Sport?
Bal all Dag!

Däi gréisste sportlechen Exploit bis elo?
d'Arméi

Längst zréckgeluechte Distanz?
11 km.

Wat fäerts du bei der Staffelchallenge am meeschten?
Am Fong net. Ech hoffen et leeft alles gutt a mir gewannen.

Wat lauschters du beim Sport?
Alles Méigleches, ausser Schlofmusek :)

Firwat zitt Morena a seng Equipe de Kierzeren?
Well hat ganz einfach keng Chance huet.


3te Kandidat beim Andy ass de Pit Decker!
Hie selwer ass schonn virun e puer Joer bei der Staffelchallenge matgelaf an huet deemols mam Team-Andy zesumme gewonnen.
En alen Hues also!



Alter:
29, gläich 30

Beruff:
nach Student

Trainingsstatus:
7/10

Firwat mëss du bei der Staffelchallenge mat?
Well et mir Spaass mëscht, well ech den Andy ënnerstëtzte well. Ech hu schonn e puer x matgemaach, beim Andy an och privat!
Awer och fir mech selwer. Fir en Challenge ze hunn, an fir vun der Couche erof ze kommen.

Wéi dacks mëss du Sport?
Elo méi dacks... :)

Däi gréisste sportlechen Exploit bis elo?
Team Run. Gläich e puer Kéieren.

Längst zréckgeluechte Distanz?
14-15 km.

Wat fäerts du bei der Staffelchallenge am meeschten?
Ech fäerten do näischt. Ech gesinn dat locker a ginn dat och locker un. Wann ee manner Drock huet klappt dat och besser.

Wat lauschters du beim Sport?
Ech lauschteren éischter seele Musek. Ech lauschteren éischter op d'Natur, einfach ofschalten.

Firwat zitt Morena a seng Equipe de Kierzeren?
Ech mengen dat ass ganz kloer. Team Andy huet virun e puer Joer gewonn a wäert och elo gewannen. D'Morena wäert do näischt ze mellen hunn.

RDVZ fir un ze feieren ass den 12te Mee! Den Eldo wäert natierlech och de ganzen Dag iwwer um KIOSK op der Plëss präsent sinn a vun do aus LIVE senden!
Kommt bis laascht a léiert ons kennen!