Eldo Marathon-StaffelchallengeTeam Morena: Den Marc ass gutt ënnerwee!

Och dëst Joer trieden 2 Eldo Teams beim ING NIGHT MARATHON géinteneen un! Team Captain's sinn d'Morena an den Andy! Den Training leeft!

Leschten Update: 05.05.2018, 09:22:57

55 Minutten, fir 11 Kilometer, dat stellt de Marc sech vir säin Deel vun der Staffelchallenge vir!

"Mee denke mat der Stëmmung um ING, do geet villäicht och bësse méi!"

Hien ass des Woch 2 mol kafe gaangen, an huet fir 7 Kilometer 35 Minutte gebraucht, dem Marc no ass do awer nach Loft no Uewen.

"Ech denke mat eisem Team kënne mir Team Andy klappen!"


Den Eric huet den Éiergäiz gepaack!

Bei engem Testlaf um Band glänzt hien mat enger Zäit vun 19:50 vir 5 Kilometer!

Den Eric huet den Feierdag genotzt vir e klengen Auslaf vun enger hallwer Stonn an Owes ass hien dunn nach op Walfer fir säi Karate Training.

"Ech rechnen dass ech de Moment tëscht 55 an 60 Minutten brauch vir meng 13 Kilometer um ING. Do ass awer nach Loft no Uewen mengen ech."



D'Sabrina hält sech mat 3 - 4 mol d'Woch Sport fit!

Hat mécht Fitness a fräier Natur mat enger Outdoor Fitness Grupp! Mat hinnen schafft d'Sabrina un Steigerungs-Leef vir seng Konditioun ze verbesseren.

Säi Mann ass Fitnesstrainer, an ass och ganz streng mat him, wat gutt vir d'Team Morena ass.
Donieft geet d'Sabrina nach 1 -2 mol d'Woch lafe woubäi hat vu Frëndinnen ënnerstëtzt gëtt.

"Ech ville mech de Moment gutt, d'Lafe fält mir guer net schwéier well ech lafen immens gären!"

Hei alleguerten d'Kandidaten aus dem Team Morena; d'Underdogs!

Ouni grouss Téin ze späize packen si et un d'Ziel!

1te Kandidat beim Morena ass de Marc Penning! Mat sengen 2 Meter dierft hien dem Andy säin Team labber iwwerhuelen!


Alter:
23

Beruff:
Fliigermechanicien bei der Cargolux

Trainingsstatus:
7/10

Firwat mëss du bei der Staffelchallenge mat?
Ech wollt schon emmer beim ING dobai sin an ech hun beim Radio héieren dass een sech konnt bei dir umellen an dun hun ech gemengt dat wier eng gud Optioun vir do mat ze machen

Wéi dacks mëss du Sport?
bal all Dag

Däi gréisste sportlechen Exploit bis elo?
City Jogging

Längst zréckgeluechten Distanz?
10 km

Wat fäerts du bei der Staffelchallenge am meeschten?
Färten muss een un sech naicht, ech hoffen just dass Temperaturen ok sin, wann et dann awer ze warm ass dann muss ech fileit puer Leit fannen déi mir deen een oder aneren Béier enner wee ginn

Wat lauschters du beim Sport?
Ech lauschtere keng Musek beim Sport

Firwat zitt den Andy a seng Equipe de Kierzeren?
Mir sin einfach déi besser Equipe!


2te Kandidat beim Morena ass d'Sabrina Artaud! Hat ass schonn de Semi gelaf a well sech elo enger néier Challenge stellen!

Alter:
43

Beruff:
Employé beim Staat

Trainingsstatus:
7/10

Firwat mëss du bei der Staffelchallenge mat?
Well ech dat eng super Iddi fonnt hunn. Ech hunn dat um Radio héieren an hunn spontan eng SMS geschriwwen.

Wéi dacks mëss du Sport?
3 - 4 mol Woch

Däi gréisste sportlechen Exploit bis elo?
ING Semi Marathon

Längst zréckgeluechten Distanz?
21 km

Wat fäerts du bei der Staffelchallenge am meeschten?
Dass keen ënnerwee ass dee mech bëssen uféiert, well dat ass eppes wat ee wierklech weider bréngt.

Wat lauschters du beim Sport?
Ech lauschtere guer keng Musek.

Firwat zitt den Andy a seng Equipe de Kierzeren?
Well mir en super Team sinn a mir voll motivéiert sinn!



3te Kandidat beim Morena ass den Eric Durrer! Hie selwer ass héich motivéiert an huet vill Erfarung mat Laf-Challengen!

Alter:
41

Beruff:
Museker

Trainingsstatus:
8/10

Firwat mëss du bei der Staffelchallenge mat?
Ech hu spontan am Radio héieren dass du Leit sichs an dat flott fonnt. Ech kann déi grouss Distanze wéinst menger Knéi Verletzung net méi lafe mee mir gefält d'Ambiance bei de Coursen.

Wéi dacks mëss du Sport?
All Dag.

Däi gréisste sportlechen Exploit bis elo?
Do fale mir der 2 an, mäi séierste Marathon waren 2 Stonnen 39, an 2013 war ech Lëtzebuerger Champion op de 5 Kilometer.

Längst zréckgeluechten Distanz?
53 km

Wat fäerts du bei der Staffelchallenge am meeschten?
Dass de Béier net kal ass wann et eriwwer ass.

Wat lauschters du beim Sport?
Ech lauschtere guer keng Musek beim Lafen.

Firwat zitt den Andy a seng Equipe de Kierzeren?
Well mir dech dobäi hunn, do kann näischt schif goen!