
© Pexels
"Der frühe Vogel...", sou seet e bekannte Spréchwuert. Déi Meescht vun eis dréinen sech beim Schelle vum Wecker gäre nach eng Kéier ëm a schlofen nach eng Ronn. Ma eng nei Etüd soll erausfonnt hunn, datt Leit, déi fréi opstinn, méi laang liewen.
D'Wëssenschaftler aus England an den USA hunn fir hir Etüd de Schlofrhythmus vu 430.000 Persounen am Alter vun 38 bis 73 Joer aus Groussbritannien ënnersicht. D'Testpersounen si während méi wéi 6 Joer getest ginn a besonnesch déi Participanten, déi éischter nuets aktiv sinn, sollen éischter stierwen.
Wisou dat esou ass, kënnen d'Fuerscher net eendeiteg soen. Et kéint dovunner kommen, datt d'Nuetseilen eigentlech géint den "normalen" Schlofrhythmus vum Mënsch liewen. Sou ësst een och zu aneren Auerzäiten, wat sech dann nees negativ op d'Schlofen auswierke kann. Aner Etüden hu schonn erginn, datt Schlofmangel a Relatioun zu Häerz-Kreeslafproblemer an Diabetis steet.
D'Fuerscher soen awer, datt bei sougenannten Nuetseile gesondheetlech Problemer optriede kënne, wann dës fréi opstoe mussen. Hir Aarbechtszäite missten ugepasst ginn – heescht: Persounen, déi méi spéit schlofe ginn, sollen och méi spéit schaffe kënne goen. An dësem Kontext gëtt vu méi flexibelen Aarbechtszäite geschwat, datt d'Nuetseilen net déi virgeschriwwen 8 Stonne schaffe mussen.
Wat da wierklech erschreckend ass: An deene 6 Joer, während deenen d'Etüd duerchgefouert gouf, sinn iwwert 10.000 Testpersoune verstuerwen. An der Grupp vun de Nuetseile wieren 10 Prozent méi Leit gestuerwe wéi am anere Grupp. Leit, déi nuets aktiv sinn, solle méi ufälleg fir psychesch Problemer sinn a kéinten duerch de Schlofmangel Mo- an Otemproblemer kréien.
Et soll een sech also Gedanke maachen, op ee net awer heiansdo mol méi fréi an d'Bett geet a sou fit a gutt gelaunt an den Dag starte kann. Bei eisem Andy schéngt dat jo ze klappen...