
© Eldoradio
Während dem leschte Joer am Lycée fänkt esou lues den Eescht vum Liewen un: déi grouss Decisioun, wou een dann elo op d'Uni soll goen, léist ee méi verzweiwelen, wéi d'Examen an de ganze Léierstress! Zwee jonk Lëtzebuerger, déi scho selwer an dëser Situatioun waren, hunn e neie Projet lancéiert.
Den Eric Rolgen an de Sebastien Philbert sinn 23 a 24 Joer an hunn e neie Projet lancéiert, deen et esou hei zu Lëtzebuerg nach net ginn ass. Uni-Check soll de Primaner an all anere Schüler oder Studenten hëllefen, de richtege Choix a Punkto Universitéit an och Unisstad ze maachen.
Op YouTube ginn d'Videoen publizéiert. Den Eric an de Sebastien erklären, wat genee Uni-Check ass a wéi si sech uleeën, bis de fäerdeg produzéierte Video online kënnt:
Wat ass dann d'Motivatioun hannert hirer Iddi? Si selwer soen, datt se schlecht Erfarunge gemaach hunn datt et hinne selwer net an hirer Unisstad gefall huet. De Sebastien war zu Grenoble op der Uni a huet gemierkt, datt dat net de richtege Choix war.
Wéi si d'Stied eraus sichen, déi si fir zukünfteg Studente méi genee ënnert d'Lupp huelen, hänkt och dacks vun de Studente selwer of. Fir d'Zukunft wëllen den Eric an de Sebastien kucken, wéi sech hire Projet entwéckelt wat dann déi nächst Etapp ass. Bis elo ware si schonn ënnert anerem zu Budapest, Bréissel, London an och Köln.
Nächste Stopp ass dann zu Amsterdam. Wann s du also Primaner bass oder du sichs grad eng nei Stad, wou s de deng Etüde maache wëlls, kéint Uni-Check dat Richtegt fir dech sinn!