Bad BanksLëtzebuergesch Koproduktioun geschwënn an den USA

Den däitsch-lëtzebuergesche Banken-Thriller gëtt am Mee och an den USA diffuséiert.

Leschten Update: 17.04.2018, 13:56:36

© VALERY HACHE / AFP

"Bad Banks" bidd een Abléck an déi donkel Ecker a Geheimnisser vun den Banken.

Gedréint gouf virun allem an Däitschland an hei zu Lëtzebuerg.

Déi meeschten Zäit gëtt an der Serie däitsch geschwat, mee mat ëmmer rëm Ausflich an dat Franséischt a Lëtzebuergescht.


D'Story dréint sech em d'Jana Liekam, gespillt vum Paula Beer, eng Investmentbankerin déi dubios Deals agoe muss fir hir Carrière ze retten. Nodeems si bei der “Crédit International Financial Group” a Lëtzebuerg eraus geheit gouf wiesselt si bei d' “Deutsche Global Invest” op Frankfurt.

Hëllef dobäi kritt si vun hirer eemoleger Chefin, gespillt vun der lëtzebuergescher Actrice Désirée Nosbusch.
Do dernieft sinn och nach weider lëtzebuergesch Acteuren, wéi den Germain Wagner oder den Marc Limpach dobäi.




Um New York Festival Of German Films huet d’Serie och de Publikumspräis gewonnen.


Vu Mee u wéist den US-amerikaneschen Streamingdéngscht "Hulu" déi 6 Episoden aus der éichter Staffel.
D ‘Koproduktioun huet also gutt Chancen och ausserhalb vun Europa Succès ze hunn.

Duerch d' Zesummenaarbecht vu "Letterbox Filmproduktioun" aus Hamburg an der "Iris Productions" aus Lëtzebuerg konnt d'Story op d ’Been gestallt ginn. ZDF huet iwwerdeems och schonn eng zweet Staffel confirméiert. Dréiaarbechten fänke viraussiichtlech am Wanter 2019 un.