Elektromobilitéit Schweden test elektresch Autobunn mat Schinnen

Duerch en Aarm sollen d'Autoen esou während dem Fueren opgeluede ginn an domat quasi onbegrenzt kënnen ënnerwee sinn.

Leschten Update: 17.04.2018, 20:09:09

© Jonathan NACKSTRAND / AFP

Elektroautoen a -busser sinn um Virmarsch. Bis se sech komplett duerchgesat wäerten hunn, dierft zwar nach e bëssen daueren. Ma dass dat eben net ze laang dauert, gi vill Länner op de Wee fir d'Elektromobilitéit ze fërderen, dat dacks mat enormem Opwand. Een esou e Projet a Schweden probéiert dofir elo mat engem Pilotprojet dat elektrescht Fuere virunzedreiwen.

Et gi schonn eng Rëtsch vergläichbar Iddien. E grousse Problem bei der Elektromobilitéit ass jo, dass d'Reechwäit nach staark limitéiert ass. Dofir wëllt Schweden elo net wäit ewech vu Stockholm an enger éischter Phase op enger Streck vun 2 Kilometer eng elektresch Autobunn testen.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Anescht wéi bei aneren Iddien leeft dat awer net duerch Induktioun mä duerch e Schinne-System mat deem sech d'Autoen mat Hëllef vun engem Aarm, deen erausgefuer ka ginn, verbanne kënnen. Wann den Auto ausschiert gëtt den Aarm automatesch erëm eragezunn. Och wann den Auto stoe bleift, gëtt d'Elektrizitéit ausgeschalt.

© Jonathan NACKSTRAND / AFP


1 Millioun Euro soll den Ausbau vun der Streck kaschten – fir 1 Kilometer. Déi Responsabel schwätzen dovun, dass am ganzen maximal 20'000 Kilometer elektresch Autobunn géifen duergoen. Dat well jo d'Autoen och ouni extern Stroumquell eng gewëssen Distanz kënne fueren an et eben esou vun Autobunn zu Autobunn géife packen. Interessant ass awer och, wéi bezuelt gëtt.

Well den Auto jo permanent connectéiert ass, kann dann och de Verbrauch vum Stroum gemooss an dem Chauffer duerno a Rechnung gestallt ginn.

Nieft enger theoretesch onbegrenzter Reechwäit op den elektreschen Autobunne kënnen esou d'Akkuen am Auto däitlech verklengert ginn – an dat huet natierlech positiv Auswierkungen op de Präis.