Online DatingDi nei Trends, di nei Apps!

Fir all Dëppe gëtt et en Deckel.

Leschten Update: 18.04.2018, 17:13:29

Dating Apps sinn am Zäitalter vun der online Welt näischt néits, a virun allem näischt Ongewéinleches méi. Mëttlerweil ginn 0815 Dating Applikatioune wéi Tinder oder Lovoo awer net méi duer. Individualitéit gëtt grouss geschriwwen an do muss Dating Welt matzéien!

An engem Dating Profil leet ee meeschtens wäert dorop sech vu senger positiver Säit ze presentéieren a seng Virléiften opzezielen. Net esou bei der App Hater. Wéi bei Tinder gëtt hei geswiped. Allerdéngs net op Grond vu Fotoen oder Beschreiwungen. Hater bréngt, wéi de Numm et scho seet, Leit duerch gemeinsamen Haass zesummen. Déi selwecht Saachen net leiden ze kënnen ass ëmmerhin eng gutt Grond-Basis fir eng Bezéiung.

Lauschtert hei de komplette Reportage!


Den Toun mëscht d‘Musek. Opallefall bei Whispar. Hei gëtt et den éischten Androck nämlech nëmmen iwwer d’Stëmm. D’Partner-Wiel geet primär iwwer Audio-Profiller, a souguer d'Foto gëtt eréischt nom Stëmme-Profil ugewisen. A Kontakt triede mëscht een och nëmmen iwwer telefonéieren oder Sproochnoriicht, net wéi gewinnt iwwer Chat.

Couch-Potatoes opgepasst! Wien net mat Sportlechkeet punkte wëll, oder kann, fir dee gëtt et elo déi passend Dating App. Lime heescht se, a bréngt Leit mat ähnlechem Beweegungs-Grad zesummen. Hei ginn Date vu Sport-Apps erofgelueden an am Profil ugewisen, sou dass ee sech d’Persoun vum Liewen unhand vu senger Schrëtt-Unzuel eraussiche kann.

E Baart ass e Muss! Wien esou denkt, fir deen ass Bristlr déi richteg Dating App! Op Vollbäert, Schnurres oder Stoppelen, hei gi Leit verkoppelt déi entweder e Baart hunn oder drop stinn.

Där Apps ginn et der nach méi: op e Portal nëmme fir Snobs, fir Hond-Besëtzer oder fir di ganz schei, hei fënnt all Dëppen säin Deckel!