
© YouTube Plastic Attack Keynsham/Bristol
De Weekend iwwer sinn e puer Videoen ënnert anerem och op Facebook publizéiert ginn, déi op ee grousse Problem opmierksam maache sollen: an engem Supermarché a Groussbritannien hunn Aktivisten nom Akafen all d'Produiten ausgepaakt an de Plastik nees zeréck an de Buttek bruecht.
Mat dëser Aktioun soll op den enorme Problem opmierksam gemaach ginn, dee ville vläicht nach ëmmer net bewosst ass.
'Plastic Attack' och vläicht hei zu Lëtzebuerg?
De Verbrauch vu Plastik hautdesdaags léisst vill Aktivisten an Ëmweltschützer verzweiwelen. Engem selwer ass et och vläicht schonn opgefall: am Supermarché ass ënnert anerem dacks d'Uebst an d'Geméis eenzel verpaakt.
D'Aktioun Plastic Attack soll de Leit d'Aen opmaachen. Net just am Buttek a Groussbritannien ass de Plastik nees zeréckbruecht ginn. Sou Aktioune sinn et och schonn an der Belsch am Delhaize ginn oder an Holland an engem Supermarché. D'Responsabel vun de Supermarchéë wäert et net freeën, datt hir Caddie voll mat Plastik sinn, mee sou wëll een hinne weisen, datt Plastikoffall endlech reduzéiert muss ginn.
Viru kuerzem eréischt ass bekannt ginn, datt am pazifeschen Ozean eng riseg Insel vun 80.000 Tonne Plastik ronderëm schwëmmt! Dat ass awer näischt Neies: Scho virun zwee Joerzéngten hu Fuerscher erausfonnt, datt mir en enorme Plastiksproblem hunn an eppes ënnerholl muss ginn.
Plastic Attack ass bis ewell nach net hei zu Lëtzebuerg organiséiert ginn. Wien dat awer wëll maachen, kann d'Responsabel vum Grupp op Facebook kontaktéieren. Sou kritt jiddereen an där Grupp Bescheed gesot a kann sech der Aktioun uschléissen.
D'Aktiviste wënschen sech, datt den Drock op Supermarchéen sou wiisst an datt déi onnéideg Verschwendung vu Plastik op en Enn kënnt. Mee och mir selwer musse méi responsabel mat eisem Knascht ëmgoen an zweemol iwwerleeën, op et beim Kaf vun eisem Iessen net aner Alternative ginn, fir onnéideg Plastiksverpackungen ze evitéieren.