Ëmfro„Dashcams“ géint Verstéiss bei Rettungsgaass?

Den Asaz vun Dashcams awer och vu Radaren, déi eng ganz Rëtsch u Verstéiss automatesch erkennen, ginn de Moment am Ausland getest.

Leschten Update: 20.04.2018, 05:32:01

© Fernost

Rettungsgaasse si jo och bei eis ëmmer erëm en Thema – virun allem, wa Chaufferen déi partout net wëlle bilden. Ma wéi kann een op esou Verstéiss reagéieren?

Mat Kamerae géint Chaufferen, déi keng Rettungsgaass bilden

Eng Rettungsgaass kann iwwer Liewen an Dout entscheeden. Dat huet sech och d'Autobunns-Police an Nordrhein-Westfalen geduecht an dofir wäerten an Zukunft sougenannten Dashcams agesat ginn. Déi gi jo vir am Auto placéiert an zeechnen dann alles op, wat virum Auto geschitt.

Mat deene Kamerae sollen dann déi Chauffere gefilmt ginn, déi sech am Stau weigeren de Rettungsdéngschter Plaz ze maachen. Duerno kënne si da bestrooft ginn. Am Bundesland mussen déi da mat engem Fuerverbuet an enger Strof vu bis zu 280 Euro rechnen.







Net ugestréckt, duerch Rout gefuer oder Handy um Steier - Radaren erkennen eng ganz Rëtsch u Verstéiss

Interessant sinn och nei Radaren a Frankräich, déi nieft der ze héijer Vitesse och erkennen, ob een de Gurt unhuet, während dem Fueren telefonéiert oder d'Sécherheetsofstänn net anhält. Weider erkenne si och, wann een duerch Rout fiert, wann een do iwwerhëlt, wou een net dierf oder wann een de Stop net respektéiert.

455 Radare solle bis Enn 2018 op de franséische Stroossen installéiert ginn. Och zu Thionville gëtt et schonn esou e Radar.

An enger éischter Zäit wäerten awer elo mol just d'Rout Luucht an d'Vitesse kontrolléiert ginn.

Hei de Reportage am Toun!


Software erkennt wann Handy benotzt gëtt

Dass d'Oflenkung duerch den Handy um Steier zu den Haaptursaache fir Accidenter gehéiert weess een och an Australien. Och do ginn dofir nei Radare getest, déi sollen erkennen, ob den Handy während dem Fuere benotzt gëtt. Dat och, wann z.B. SMSe geschriwwe ginn.

D'Software sortéiert dann déi Fotoen aus, op deenen eventuell e Chauffer den Handy benotzt. Duerno mussen se awer NACH vun engem Mënsch ausgewäert ginn.