
© AFP/Archives/Lionel BONAVENTURE
WhatsApp-Notzer mussen an Zukunft op mannst 16 Joer al sinn, fir den Déngscht notzen ze kënnen. Dëst Gerücht kurséiert de Moment am Internet. An den allgemenge Geschäftskonditiounen, déi weiderhi gëllen, steet bis ewell, dat een op mannst 13 Joer al muss si fir WhatsApp dierfen ze notzen. An anere Fäll brauchen Notzer d’Zoustëmmung vun hiren Elteren.
Wéi verschidden Internetsitte mellen, soll d’Ännerung spéitstens de 25. Mee gräifen. Hannergrond wier wuel déi nei EU-Dateschutzdirective, déi dann an 28 EU-Länner gëllt. Doran ass festgeluecht, dass Date vun Notzer nëmmen da verschafft dierfe ginn, wann se op mannst 16 Joer al sinn. Well WhatsApp grondsätzlech Date sammelt an auswäert, fält den Déngscht och ënnert dëst Gesetz. Eenzel Staaten wéi d’USA dierfen dësen Alter allerdéngs op 13 Joer erofsetzen.
WhatsApp muss nach iwwer déi nei Konditiounen informéieren an d‘Notzer mussen den neie Bestëmmungen och nach zoustëmmen. Falls d’Gerücht da stëmme sollt. Offiziell ass dat nämlech nach net. D’Eltere missten also an Zukunft, wann d’Meldung per Pop up Fënster kënnt, de Smartphone huelen, déi allgemeng Konditioune liesen an dësen dann zoustëmmen. Réischt dann dierf WhatsApp och tatsächlech genotzt ginn. An der Praxis ass dat awer schwéier ze kontrolléieren ob dat genee sou gemaach gëtt. An éischter Linn dierften déi nei Konditiounen also der réng juristescher Ofsécherung déngen.