"Train Passenger Rights Day"Wat si meng Rechter z.B. bei Streik?

Wat sinn d’Rechter vun Zuch-Passagéier? De CEC kläert op.

Leschten Update: 19.04.2018, 08:29:51

De 17. Abrëll hunn d’Membere vun der CEC, vum Centre Européen des Consommateurs GIE, op der Gare an der Stad eng Informatiouns-Seance ofgehalen.

D'Zil vun dëser Aktioun war Informatiounsmaterial ze verdeelen a soumat d’Leit iwwert hir Rechter als Zuch-Passagéier opzeklären.

Grad elo, wou et wéinst landeswäitem Eisebunnen-Streik a Frankräich, och zu Perturbatiounen hei am Land am Zuch-Trafic kënnt, ass et wichteg dass Léit iwwert hir Rechter Bescheed wëssen.

Lauschtert hei den Interview!

Am Gespréich mam Christoph Neisius, Jurist bei der CEC Luxembourg, ass erauskomm dass Passagéier souwuel bei Annulatioun a Verspéidung bei Zich, esou wéi bei beschiedegtem Gepäck oder Accidenter, Rechter hunn vun deenen se kënnen, a solle, Gebrauch maachen. Oft si sech Persounen déi mam Zuch fueren, dees allerdéngs net bewosst.

© Eldoradio

Grond genuch fir d’Membere vum CEC Luxembourg sech Zäit ze huelen an de Leit hir Rechter op der Plaz ze erklären.

© Eldoradio