Kampf géint ËmweltverschmotzungFuerscher entdecken Enzym, dat Plastik ësst

Eng zoufälleg Entdeckung kéint eisem Plastikproblem Meeschter ginn: Fuerscher sollen e Bakterium entdeckt hunn, dat Plastik souzesoen "opfriesse" kann!

18.04.2018, 17:15:37

© AFP/Archiv/SONNY TUMBELAKA

De Problem mam Plastik ass ee vill diskutéierte Sujet hautdesdaags. Et tauchen ëmmer méi Fotoen op, wou déi schéinste Stränn op der Welt voll mat Plastiksfläschen, Tuten an anerem Offall sinn. Fuerscher hunn elo – duerch Zoufall – een Enzym entdeckt, wat d'Matière, aus där déi meescht Plastiksfläsche sinn, souzesoen "opfrësst".


D'Fuerscher aus den USA an aus Groussbritannien wollten eigentlech ee Bakterium aus Japan méi genee ënnersichen. Bei Analysen huet sech dunn erausgestallt, datt genee dës Entdeckung dobäi hëllefe kéint, de risege Problem mat eisem Verbrauch u Plastik an de Grëff ze kréien.


D'Bakterium soll capabel sinn, de Konschtstoff PET ze zersetzen, aus deem d'Plastiksfläsche gemaach ginn. Sou soll de PET-Stoff ofgebaut a verdaut ginn. Déi enorm Masse u Plastik kéint doduerch reduzéiert ginn. Duerch Aminosaieren gouf d'Bakterium optimiséiert a kéint esou an den Asaz kommen.



Pro Joer gi Milliounen Tonnen u Plastik an eise Mierer fonnt. Ëmmer méi ginn et hefteg Diskussiounen iwwert d'Konsequenze vun eisem Handelen op d'Ëmwelt. Och wann ee sech mam Recycling ausernee setzen, bleiwen ëmmer nach ze vill Offall a Knascht iwwreg.



D'Enzym kéint  spéider industrialiséiert gi fir am Kampf géint d'Ëmweltverschmotzung ze hëllefen. Den Ament kéinten d'Fuerscher awer nach net soen, op dat méiglech wier. Et musse weider Analysen an Etüde gemaach gi fir erauszefannen, op d'Enzym an Zukunft agesat kéint ginn.