
© www.pexels.com
Blond
Blond Frae gëllen oft als kal Persounen, déi nëmme wéineg Emotiounen weisen. Do dernieft hu si och nach mat engem anere Viruerteel ze kämpfen: si gëllen als naiv an och net als déi schlausten. Am Géigendeel dozou gëlle blond Fraen awer als immens attraktiv a si sollen eng besonnesch erotesch Ausstrahlung hunn. Net wéineg verwonnerlech dass 70% vun de westleche Männer vun enger blonder Fra dreemen.

Brong
Bronghärech Frae gëllen als romantesch, deifgrënnech an ausgeglach. Aus deene Grënn gëlle Fraen mat brongen Hoer och als déi optimal Partnerin fir d'Liewen. Do dernieft solle si dann och besonnesch stressresistent sënn an een méi héicht Duerchhaltevermeige virweise kënnen. Dëst soll de Brüntte virun allem an der Carrière ee Virdeel verschafen.

Schwärzhärech
Déi schwaarz Faarf gëtt oft mat Melancholie a Relatioun gesat. Sou och bei der Hoerfaarf. Frae mat schwaarzen Hoer sollen méi zu Selbstkritik a schlechter Laun tendéieren wei anerer. Awer och positiv Eegeschafte kënne schwärzhäreg Fraen opweisen. Sou zum Beispill gëlle si als zilstrebech a bestänneg. Vill Leit fannen donieft, dass schwaarz Hoer unzéiend a geheimnisvoll wierken.

Rout
Routhärech Frae goufe viru Jorhonnerten als Hexen ugesinn an dowéinster verfollegt. Obwuel dat haut net méi de Fall ass, ginn et ëmmer nach eng Partie Mythen ronnderëm den "Rotschopf": sou heescht et haut, dat sech routhärech Fraen no hirem Dout an een Vampir verwandelen an d'Nuechten onsécher maachen. De Routhärechen gëtt awer och nogesot, dass si immens temperamentvoll sënn. Si droen hir Hoerfaarf mat Stolz a wierken op aner Leit staark a selbstbewosst.
