Gemeinsame elektroneschen DossierDop@Min soll d'Patienteversuergung vereinfachen

Den CHEM an den CHL wëlle mat engem gemeinsamen digitalen Patientendossier d'administrativ Demarchen am Spidolswiese vereinfachen.

Leschten Update: 19.04.2018, 15:37:46

Dop@Min ass een elektronesche Patientendossier, deen déi verschidden administrativ Demarchen am Spidolswiese vereinfache soll. De gemeinsame Projet vum CHEM a vum CHL soll awer net just den Dokteren d'Liewe méi einfach maachen, mee och de Patienten hëllefen.


Wat ass da genee dësen "Dossier Patient Mutualisé Informatisé"? De Generaldirekter vum Escher CHEM, den Dokter Hansjörg Reimer:


Den Dokter Hansjörg Reimer


De Patient muss sech hei ëm näischt këmmeren. D'Spideeler respektiv d'Doktere leeden déi verschidden Demarchen an d'Weeër. Grousse Virdeel vun esou engem gemeinsamen Dossier ass dann, datt net just Dokteren, mee och Dieteticienne, Kinéen an Psychologen Zougrëff op de Fichier hunn.


Den Dokter Hansjörg Reimer


Zentrale But vun dësem Projet ass d'Optimiséierung vun der Versuergung a Behandlung vu Patienten. D'Kommunikatioun an déi eenzel administrativ Etappe ginn esou majoritär vereinfacht. Op ee Bléck weess den Dokter, wéi eng Medikamenter a wéi eng Behandlungen de Patient bis deen Ament scho gemaach huet. D'Digitaliséierung ass hei een zentrale Facteur, wou virun allem och un déi Jonk geduecht gouf.


Den Dokter Hansjörg Reimer


A Punkto Patientesécherheet géif een sech och am rechtleche Kader beweegen. De Projet soll gemeinsam vun den zwee Spideeler an de nächste 4 Joer ëmgesat ginn.





Lauschtert hei de komplette Reportage!

Links