"Speed Marathon"D'Police erkläert: Keng Sue-Maacherei!

Firwat brauch een e 24 Stonne laange Blëtzer-Marathon zu Lëtzebuerg? Den André Schaack erkläert d'Zil vun de verstäerkte Kontrollen am Eldoradio-Interview.

Leschten Update: 20.04.2018, 10:35:26

© Eldoradio

"Slow Down Europe" heescht d‘Operatioun déi vun e Mëttwoch de Moien bis en Donneschdeg de Moien hei zu Lëtzebuerg war, genee sou wéi an insgesamt 18 EU-Länner, fir ganzer 24 Stonnen.

De sou genannte "Speed-Marathon" huet op verstäerkte Vitesse-Kontrollen uechtert ganzt Land gesat. Hei goufen zwar och nach aner Delikter kontrolléiert mä d’Vitesse, déi d’Haaptursaach vun déidlechen Accidenter ass, stoung beim Blëtzer-Marathon op éischter Plaz. Den André Schaack Commissaire-en-chef vun der ‘Direction Opérations et Prévention’ erkläert ëm wat et der Police bei dëser Initiative geet.

 



© Eldoradio

An dësem Kader huet d’Lëtzebuerger Police repressiv a preventiv Kontrolle gemaach. D’Police-Beamte hunn sech bei de Kontrollen awer net nëmmen op d'Vitesse limitéiert. Virun allem Motorrieder stoungen am Fokus a goufen och mol ouni Grond erausgewonk.



© Eldoradio

Kontrolle goufen et zum Beispill zu Kënzeg wou ganzer 8 Chaufferen ze séier ënnerwee waren. An der Stad um Boulevard Royal an enger 30er Zon ware 7 Chaufferen ze séier gefuer, hei hu 4 Automobilisten 145 Euro misse bezuelen. Dobäi hunn se och 2 Punkte verluer a géint ee gouf e Protokoll erstallt. Iwwerdeems goufen och eng etlech aner Delikter protokolléiert, sou zum Beispill d‘Benotze vun der Busspur oder dem Handy um Steierrad. Vu dass d’Policepräsenz op de Stroossen Accidenter däitlech miniméiert, besteet d’Police op hirem Twitter Account dorop dass et sech beim "Speed-Marathon" net em Suen-Maacherei dréint.



© Eldoradio


Am Mëttelpunkt soll d’Thematiséiere vun der Vitesse an déi domat zesummenhänkend Sécherheet op de Stroossen stoen.

Lauschtert hei de komplette Reportage!