Sozial Medien zu LëtzebuergFacebook bleift dat beléiftsten Netzwierk

Facebook, Instagram, Snapchat oder awer léiwer Twitter. Wéi e soziaalt Netzwierk huet de Lëtzebuerger am Léifsten?

Leschten Update: 20.04.2018, 16:38:09

Dominéiert gëtt déi sozial Medielandschaft wéi schonn d'lescht Joer kloer vu Facebook. 3 vu 4 Lëtzebuerger Residenten hunn uginn, dass si Facebook benotzen.

Instagram op der 2. Plaz

Och wann de Fotos-Déngscht Instagram sech zu Lëtzebuerg positiv entwéckelt huet kënnt deen op déi 2. Plaz, dat awer wäit hannert Facebook. Nëmmen en Drëttel gräift op dës Plattform zeréck.

Pinterest konnt zouleeën

Mat all Kéiers 25%, dat heescht mat all 4. Resident kommen Snapchat, LinkedIn a Pinterest – en Déngscht deen och par Rapport zum leschte Joer vill nei Leit zu Lëtzebuerg konnt fir sech gewannen.

© TNS Ilres


Obwuel Twitter jo enorm bekannt ass benotze just 15% vun de Leit zu Lëtzebuerg dëse Wee vun der Kommunikatioun. Vill méi wäit hannendru kënnt Tumblr mat 4%, Flickr mat 3% a Xing mat 2%.

Hei de Reportage am Toun!


Bal 20% notze keng vun de genannte Plattformen

An da komme mir nach zu deenen, déi keng vun den opgelëschte soziale Plattformen notzen. Dat sinn der ëmmerhin 19%, also bal e Fënneftel vun de Lëtzebuerger Awunner.

Bal d'Halschent vun deenen Netzwierk-Asketen huet net iwwerraschend iwwer 65 Joer.

Am allgemenge geet aus der Analys ervir, dass virun allem wat déi Déngschter ugeet, déi majoritär mat Fotoen a Filmer schaffen, wéi Instagram a Snapchat, d'Notzer méi jonk sinn.