"Speed Marathon"Police erkläert "Keng Sue-Maacherei"

Während 24 Stonne stounge d'Kontrolle ganz ënnert dem Motto "Slow Down Europe"! Et goufen awer Chaufferen, déi sech net un Vitesslimitatioune gehalen hunn.

Leschten Update: 19.04.2018, 15:16:13

© Eldoradio

Vun e Mëttwoch de Moie 6 Auer bis en Donneschdeg de Moie 6 Auer war nees de grousse Speed Marathon, hei am Grand-Duché wéi och a 17 aneren europäesche Länner. Fir 24 Stonnen huet d'Police verstäerkt Kontrolle gemaach, besonnesch och op d'Plazen, déi bekannt dofir sinn, datt d'Leit mam Fouss um Gas bleiwen. Wéi gesäit de Bilan dann dëst Joer aus? Den André Schaack, Commissaire-en-chef vun der „Direction Opérations et Prévention“:

Den André Schaack


Et goufen domadder am Ganzen 282 Infraktioune festgestallt. Fir den André Schaack ass dat alles anescht ewéi e positive Bilan, well d'Aktioun jo vill an de Medien, wéi och bei eis um Radio thematiséiert gouf.

Den André Schaack


© Eldoradio

Wéi d'Police ëmmer nees betount, ass dat hei alles anescht wéi Sue-Maacherei. Ënnert dem Motto "Speed Down Europe" soll all Automobilist drop opmierksam gemaach ginn, datt ee sech un d'Limitatioune hale soll. An éischter Linn ginn d'Kontrollen natierlech fir d'Sécherheet vun de Leit gemaach.


Den André Schaack


Da gouf engem Chauffer zu Hesper de Permis entzunn, well dëse vill ze séier ënnerwee war. En aneren Automobilist stoung scho moies ëm 08h30 ënnert Alkoholafloss, hie gouf verwarnt a misst bezuelen. Fir 2019 ass dann ze hoffen, datt ee méi ee positive Bilan während dem Speed Marathon zéie kann.

© Eldoradio

De Bilan nom Speed Marathon 2018!