
An der Schwedescher Haaptstad Stockholm kann een an engem Fliger iwwernuechten. Aus enger ausrangéierter Boeing 747 aus dem Joer 1976 sinn 2 Suiten entstanen, eng Cockpit- an eng Blackox-Suite. Eng Rees an d’Schlummerland ass ab engem Präis vu 50 Euro garantéiert!
Am Book and Bed Hotel zu Tokyo schléit all Bicherwuerm Häerz méi schnell! Hei kann ee virum schlofe goen nach eng Gutt-Nuecht-Geschicht liesen, hei iwwernuecht een nämlech an engem Bicherregal!

En Paradäis vir Wäidrénker fënnt een dann zu Barcelona am Cava Hotel Mastinell. Den Hotel ass erëmgi vu Wéngerten an d’Architektur vum Gebai erënnert un Wäifläschen di an engem Regal leien. Richteg interessant gëtt et awer am Hotel bannen, hei dréint sech alles em de Wäin. Vun Waintherapiemassage bis hin zu Wäindrauwen zerquëtschen!

Bësse méi enk gëtt et am japanesche Schlofkapsel-Hotel. Leit mat Platzangscht ass dësen Hotel natierlech ofzeroden. Schlofen op enkstem Raum ass hei Devise!

Alles vir den Hond heescht am Dog Bark Inn zu Idaho an den USA. Hei iwwernuecht een an engem Beagle, besser gesot d’Form vum Haus ass déi vun engem Beagle!

15 Meter ënnert dem Buedem, an der Sala Silvermine a Schweden, fënnt een d’Mine Suite. Keen Handy Empfang, keng nerveg Noperen, di wuel rouegst Suite op der Welt!
