
© pexels.com
Ugefaange bei der Gymnophobie, nee dat huet naicht mam Sport ze dinn deen een net gäre mécht! Des Phobie huet ee wann een Angscht huet plakeg ze sinn. Dat dierft all FKK Visiteur wuel net bekannt sinn!
Knuewelek ass ganz lecker sou laang ee kee Vampir oder Scorodophibiker ass, des Leit fäerten di kléng wäiss Knollen.
Hutt dir scho mol eppes vun der Phagophobie héieren? Wann een des Phobie huet da fäert een ze schlécken! Des Persoune leiden och meeschtens un enger Iessstéierung well si ebe fäerten hiert Iessen ofzeschlécken!
Flütte kënne ganz geféierlech Instrumenter sinn, op mannst vir Mënsche mat Aulophobie! Ob Block oder Querflütt, klassesch Concerte sinn en tabu!
Sou en Nuebel ass schonn eppes Komesches! Dat denken sech och Leit mat Omphalophobie! Op der Plage dann einfach ëmmer brav op de Buedem kucke wann d’Leit nees hire Nuebel presentéieren!
Hoer wuessen a vir dass di verschwanne muss ee bei de Coiffer, an och beim Coiffer sinn nees Hoer, blöd dass Chaetophobiker awer grad Hoer fäerten, och di eegen! En Däiwelskrees!