Summerzäit, Grill-ZäitHaaptsaach Fleesch?! Wat kënnt op äre Grill?

Wat gehéiert op en uerdentleche Grill?

Leschten Update: 22.04.2018, 17:03:31

© Pexels

Temperature ginn an d’Luucht, d’Gefiller spille verreckt an am Supermarché ass de Grill Rayon wéi ausgestuerwen. Dann ass d’Grill-Saison am Gaang!

Dës Woch war méi wéi nëmme fréijorlech: de Summer léit an der Loft, an domat och de Geroch vum Grill. Deen gehéiert nämlech zum Lëtzebuerger, esou wéi de Kachkéis hei am Land op d’Schmier gehéiert.

Mee wat genee gehéiert dann elo drop dass et eng uerdentlech Grill-Sessioun ass? Fir déi Leit déi eis vun hiren Iessgewunnechte beriicht hunn ganz kloer: Fleesch!

Fir 90% vun de Befroten huet Geméis net vill um Grill ze sichen. Als Bäilag kann ee mol e gefëllte Champignon acceptéieren, oder sech eng Gromper dobäi gönnen.

Mee Star vum Grill ass ganz kloer d’Fleesch. Vu Poulet bis Wuppe kann a soll do alles dobäi sinn. Den heemleche Favorit dës Saison sinn d’Spareribs, awer och d’Klassiker wéi Hamburger oder Thüringer dierfen hei net vergiess ginn.

Lauschtert Iech är Grill-Favoritten un