Spillplaz.luSpillplaze sichen a fanne mat engem Klick!

Et ginn iwwer 1000 Spillplazen an eisem Land, wësst dir wou se sech befannen?

Leschten Update: 22.04.2018, 17:03:35

© pexels.com

Nei an en anert Duerf geplënnert oder enzwousch op Besuch wou ee sech net wierklech auskennt, an et wëll ee mam Kand op eng Spillplaz goen, de Patrick Glaesener an den Daniel Dalmaso vu Spillplaz.lu wëssen do ze hëllefen!

Et geet drëms, dass d’Eltere Spillplazen am ganze Land fannen. Mir hunn der vill a ganz vill Leit kennen di och guer net an di ginn och meeschtens op di selwecht Spillplazen an sou kënnen si neier entdecken.

D’Grënnungsiddi ass dem Patrick an enger Nout eraus entstanen.

D’Iddi ass komm well ech mat mengem Meedchen ënnerwee war. Mir stoungen am Stau an amfong hätte mir kéinten ënnerwee op eng Spillplaz goe, mä et kennt ee jo keng Spillplazen. An dunn sinn ech op d’Iddi komm, datt een amfong misst en Site hunn mat all de Spillplazen.

D'Zil vun dësem Projet ass et Elteren d’Liewe méi einfach ze maachen an d’Kanner domadder méi glécklech ze maachen!

Eist Zil ass et, dass d’Elteren zu Lëtzebuerg net méi de selwechte Problem hunn ewéi ech, dass si einfach op Spillplaz.lu ginn a kënnen en flotten Nomëtteg mat hire Kanner verbréngen. Mir hu Spillplaze mat Restauranten dobäi, mir hunn och eng Funktioun fir Restauranten eraus ze filteren. Si kënne sech geo-lokaliséiere loossen, mir fannen d’Spillplaz an der Ëmgéigend vun den Elteren a mat engem Klick geet Navigatioun op.

Dat ass och en Virdeel fir de ganze sozio-edukative Beräich, di kënnen och dovunner profitéieren. Déi gi jo och meeschtens mat de Kanner ëmmer op di selwecht Spillplazen.

Partenariater mat Gemenge waren och néideg fir de Projet op d’Been ze stellen.

Sou si mir eigentlech och un Donnéeë komm, am Ufank hate mir déi 105 Gemengen ugeschriwwe fir di verschidden Adressen eraus ze fanne vun de Spillplazen.

An och dir dobausse gitt gebraucht fir dass d’ASBL sech ka weider entwéckelen! Feelt nach eng Spillplaz an der Lëscht, da mellt et! 

Weider Infoe fannt dir op Spillplaz.lu.

Lauschtert iech hei den Interview un: