Rappel bei héijen TemperaturenBei 40 Grad am Auto besteet Liewensgefor

Wéini ass et ze waarm am Auto? Wat soll ech maachen, wann ee Kand oder en Déier an engem vill ze waarmen Auto agespaart ass?

Leschten Update: 22.04.2018, 11:43:19

© Pexels



De Weekend soll et wéi di ganz Woch iwwer mam Wieder weider goen: ganz vill Sonn a gutt waarm! Ma während de méi waarme Méint gëtt et ee Phänomen, wat leider och nees méi dacks optrëtt: Wann d'Temperaturen iwwer 20 Grad ginn, kann sech eisen Auto séier an eng Sauna verwandelen.

Hëtzt am Auto: Lauschtert hei de Reportage!


Och wann een d'Kand oder den Hond just fir e puer Minutten am Auto léisst, dierf ee net vergiessen, wéi séier sech en Auto erhëtze kann. Den Alain Biver vun de Stater Beruffspompjeeën.

Den Alain Biver


No 15 Minutten an der Sonn hëtzt en Auto op, d'Temperature bannen am Auto kënne bis iwwer 60 Grad goen. Vu 40-45 Grad un gëtt et fir ee Kand oder een Hond kritesch, den Alain Biver schwätzt souguer vun déidleche Konsequenzen!

Hei Test en Dokter aus den USA, wéi laang hien et an engem Auto aushält, deen an der praller Sonn steet.© FREDERIC J. BROWN / AFP

Wann een als Aussestoende gesäit, datt e Kand oder en Déier am Auto ass, wat soll ee maachen?

Den Alain Biver


D'Hënn kënnen sech zum Beispill net richteg artikuléieren. Wann engem Hond ze waarm ass, mécht et dat duerch hechelen. Wann awer eng enorm Hëtzt am Auto ass, ass et net méi méiglech. Wann ee just kuerz wëll akafe goen, soll een och op kee Fall d'Kand oder d'Déier am Gefier zeréck loossen.


Den Alain Biver


Den zentrale Message, dee bei de Leit muss ukommen, ass folgenden: Egal ënnert wéi engen Ëmstänn dierf kee Kand an keen Déier eleng am Auto gelooss ginn, virun allem net bei esou waarmen Temperaturen!