
© pexels.com
E Stroum vu Stäreschnäizen, och Lyriden genannt, si virun allem dëse Weekend vill um Himmel ze gesinn!
Déi eischt Lyriden goufe viru ronn 150 Joer vum Hobby-Astronom Albert Tratcher zu New York entdeckt.
Wien dëst Spektakel richteg kloer an hell wëll gesinn, dee muss sech bis no Mëtternuecht gedëllegen. Experten no gesäit een d‘Stärenschäize géint 3 Auer am beschten.
Dann erliichte ronn 20 Meteoritte pro Stonn den Himmel, déi mat enger Vitesse vu 50 Kilometer an der Sekonn erof falen.
Wann dir also wëlles hutt, dëst klengt Wonner ze erliewen, da riicht äre Bléck a Richtung Norden.
A vergiesst net, wien eng Stäreschnäiz gesäit, deen dierf sech eppes wënschen, schreift iech also scho mol puer Wënsch op!
Besonnesch vill Stäreschnäize gesäit een an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg. Mä awer och schonns de ganze Weekend iwwer.