
© pexels.com
D'Aubreigh Nicholas huet 11 Joer. D'Lescht Joer hunn d'Doktere bei him een diffuss-intrinisiche Ponsgliom kuerz "DIPG" diagnostizéiert. Dat ass ee béisaartege Gehirtumor. Doropshin huet d'Meedchen de Crowdfunding-Projet "Aubreigh's Army" an d'Liewe geruff.
Wien zur "Army" gehéiere wëll, muss bei der "Lemon-Face-Challenge" matmaachen. Dat heescht: virun enger Kamera an eng Zitroun bäissen a gären d'Gesiicht verzéien. Oder et spent een. An all Fall soll ee weidere Participant nominéiert ginn. De Moment huet de Projet eng 35.000 Euro agesammelt.
Viru 4 Joer ass jo déi sou genannten "Ice-Bucket-Challenge" am Netz viral gaangen. Deemools koume bal 93 Milliounen Euro zesummen. D'Sue sinn an d'Erfuerschung a Bekämpfung vun der Nervekrankheet "ALS" gefloss.
D'Aubreigh erhofft sech een ähnlechen Hype, well "DIPG" jo och eng seele Krankheet ass. D'Iwwerliewenschance läit bei grad mol 10 Prozent.